Coding am Schoulalldag
(Code : D6-f-03-EF-Biwer)
Kontext / Contexte
Dës Formatioun ziilt drop of, all Enseignanten mat den néidegen Outilen a Methoden ze equipéieren, fir Coding effektiv an hiren Unterrecht ze integréieren. Mir wëllen domat net nëmmen technesch Kapazitéite förderen, mee och d'Fäegkeet, de Mediekompass kritesch unzewenden, an dës mat de jeeweilegen Outilen, déi an der Schoul koherent ugewand ginn, ze kombinéieren.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participante kennen:
- déi verschidde Coding Outilen, déi hir Schoul schonn huet
- nei Coding Outilen, déi se nach ni benotzt hunn
- Methoden, dës Outilen an hire Cours ze integréieren.
Kënnen
D’Participanten si fäeg:
- eng Réi u Coding Outilen ze benotzen
- schoulesch Aktivitéite mat dëse Coding Tools ze plangen an ze realiséieren
- hire Schüler/-innen d’Welt vum Programméiere méi no ze bréngen.
Haltung
D'Participante si bereet, hir technesch Kapazitéiten auszebauen an nei Léierstrategien an hirem Unterrecht ze implementéieren
Inhalt / Contenu
- Iwwersiicht iwwer déi existéierend Outilen fir Coding an der Schoul
- praktesch Workshoppen, wou jiddereen d'Chance kritt, d'Outilen auszeprobéieren an ze léieren, wéi een se am beschten am Unterrecht integréiere kann
- Strategien zur Implementatioun vum Coding iwwer verschidde Cyclen a Klassen
- effektiv Methoden, fir de Mediekompass an de Gebrauch vun den Outilen z'integréieren, fir sou d'Mediekompetenz vun eise Schüler/-innen ze stäerken
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Präsentatioun an Demonstratioun
- praktesch Aarbechten
- Diskussioun
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Formateur EduTec
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 8 et le jeudi 24 octobre 2024 de 13 à 16 heures |
Lieu : | Ecole fondamentale de Biwer - 'An der Wiss' - salle de classe 304 |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 20 |
Statut de la formation : | Inscriptions ouvertes au cours du 1er trimestre 2024-25 |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant de l'école fondamentale de Biwer |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Chris Zeimet - chris.zeimet@education.lu |
Organisation : | IFEN en collaboration avec EduTec |