Tuteur Mérite Jeunesse
(Code : B2-e-06)
Kontext / Contexte
Net alles, wat een am Liewe brauch, léiert een an der Schoul. Jonker brauchen och Erfarungen ausserhalb vum Klassesall fir responsabel, engagéiert an zefridde Matbierger ze ginn.
Als non-formal Bildungsstruktur, kann den Mérite Jeunesse eng wichteg Roll spille fir deene Jonke Méiglechkeeten ze bidden, wichteg Kompetenzen ze léieren, hir Chancen um Aarbechtsmarché ze verbesseren, hir Kreativitéit ze fërderen an hirt Wuelbefannen ze verbesseren.
Beim Mérite Jeunesse matzemaachen, bedeit matzewierken beim weltwäit gréisste Jugendprogramm (The Duke of Edinburgh's International Award). Dëse weltwäit unerkannte Programm ass ee perséinlechen Challenge a kann un den Interessi vun all Jonkem ugepasst ginn. Et ass ee balancéierte Programm, dee komplett fräiwëlleg ass an d'Entwécklung vun de Jonke fuerdert.
Zielsetzung / Objectifs
D'Roll vum Tuteur ass et d'Participanten/-teën z'encadréieren an ze motivéieren. Si stinn am direkte Kontakt mam/mat der Participant/-e a sinn do fir si z'ënnerstëtzen a realistesch Ziler festzesetzen.
Inhalt / Contenu
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen d'Philosophie, d'Prinzippie souwéi d'Grondsätz vum Programm.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel, déi Jonk wärend hirer Participatioun um Programm ze beroden, ze begleeden an z'ënnerstëtzen, dëst a 4 verschiddene Beräicher vum Mérite Jeunesse (Benevolat, Talent, Sport an Expeditioun).
Haltung
D'Participantë/-teë fleegen eng konstruktiv a wäertschätzend Kommunikatioun tëscht all de Bedeelegten.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Theorie
- praxisbezunnen Übungen
- Reflexioun a Gruppenaarbechten
- Diskussioun an Erfarungsaustausch.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Léa Foubert, formatrice
Simone Schneider, formatrice
Jil Baustert, co-formatrice
Remarques / Anmerkung
Eng Umeldung am Nationalbüro vum Mérite Jeunesse ass verpflichtend LU:
https://merite.jeunesse.lu/lu/formexpeditionlu
Falls een och wëll déi Jugendlech beim Volet Expeditioun begleeden, muss een nach zousätzlech d'Formatioun zum Sujet Expeditioun ofschléissen.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le samedi 23 novembre 2024 de 9 à 12 et de 13 à 17 heures |
Lieu : | Mérite Jeunesse - Itzig - Sall 3. Stack |
Nombre max. de participants : | 12 |
Places disponibles : | 12 |
Statut de la formation : | Inscriptions ouvertes au cours du 1er trimestre 2024-25 |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Jil Baustert - merite@youth.lu |
Organisation : | formaion organisée en coopération avec le Mérite Jeunesse Luxembourg |