Eng staark mental Fitness - de Schlëssel zu Leeschtungsfäegkeet an Zefriddenheet: E Programm vu Positive Intelligence
(Code : B1-a-102-EF-Dir01)
Kontext / Contexte
Munchmol wiisst engem alles iwwert de Kapp an et huet een d’Gefill net d’Ressourcen ze hunn, deem Mix vu verschiddenen Erausfuerderunge gewuess ze sinn. Kenns du dat och? Dann ass dëss Mental Fitness Ausbildung vu Positive Intelligence genau dat Richtegt fir dech.
Kierperlech vs. mental Fitness
Wann ee kierperlech fit ass, kann een héich an usprochsvoll Bierger erklammen, ouni bedeitende physesche Stress.
Wann ee mental fit ass, kann een di grouss Erausfuerderungen am Liewe meeschteren, ouni bedeitenden psychesche Stress an ouni negativ Emotiounen.
Wëssenschaftleche Basis vu mentaler Fitness laut Positive Intelligence
Recherchen aus der
- positiver Psychologie
- kognitiver Psychologie;
- Neuroscience
- der Science vun der Performance.
Impakt
- manner Stress
- besser Leeschtungen
- méi gesond Relatiounen
- e méi ausgeglachent an erfëlltent Liewen
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
- kuerzen Abléck iwwer de Grënner vun der Method an déi wëssenschaftlech Basis
- dräi Basismuskele vun der mentaler Fitness
- Kenneléiere vum Master Saboteur de „Riichter“ a sengen dominante Komplizen via Test
- Kenneléiere vun de Wäisekräften
- Kenneléiere vun der Wäiseperspektiv
- den Impakt vun negativen Emotiounen
- den Impakt vun enger reegelméisseger Praxis
Fäegkeeten
- Erkenne vu Situatiounen, wou een oder méi Saboteuren um Wierk sinn
- Methode léieren, fir déi Saboteuren ze interceptéieren
- Technike léieren, fir zeréck a seng Mëtt, respektiv säi Wäisemodus ze fannen
- déi verschidde Wäisekräften kennen an en Zougang zu hinne fannen
- Stäerken vun de Basismuskele vun der mentaler Fitness
Haltung
- De Participant wäert iwwer sech a seng mental Fitness an dëser Formatioun léieren. Hien ass gebieden, oppen dofir ze sinn an, wann méiglech, och Beispiller aus senger Praxis am Grupp ze deelen.
Inhalt / Contenu
An dëser Formatioun erfuersche mer wéi eis mental Fitness sech op eis Leeschtungsfäegkeet auswierkt. Dobäi ass ze bedenken, dass nëmmen 20% vun den den Equippen an Individuen 80% vun hirem Potential erreechen. Eng gutt mental Fitness, also d’Kapazitéit an d’Ressourcen op eng positive Aart a Weis mat Erausfuerderungen ëmzegeon, stäerkt eis Leeschtungsfäegkeet an eis Zefriddenheet bedeitend.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
De Programm ass methodesch ofwiesslungsräich a variéiert zwësche kuerzen theoretesche Passagen, interaktive Passagen am Plenum, Debriefingen a klenge Gruppe bis hin zu kuerze Passage wou een eleng schafft.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Pascal Dickes, MA (académique), Enseignant, CTI Coach, Mental Fitness Coach an Trainer, DISC Trainer
Remarques / Anmerkung
De Saboteur Test ass an englescher Sprooch. E Basiswëssen am Engleschen ass virausgesat.
All Participant brauch e Laptop a soll säin Eduroam WIFI aktivéiert hunn.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les mardis 14 mai et 25 juin 2024 de 14 à 17.30 heures |
Lieu : | Centre Technolink |
Nombre max. de participants : | 16 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Inscriptions en cours |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif de la direction régionale de VdL/Dir01 |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois, anglais (test) |
---|---|
Informations : | Yves Gasparet - ygasparet@vdl.lu |