Virstellung vum Rapport “L’entrée à école” (ONQS, 2022) mat uschléissender Diskussiounsronn
(Code : C-a-90)
Kontext / Contexte
Et ass erwisen, dass déi éischt Schouljoeren eng kritesch Phas an der schoulescher Entwécklung vum Kand duerstellen. Den nationale Schoulmonitoring sträicht an dësem Kontext ervir, dass sech de schoulesche Parcours vun de Schüler ganz fréi ofzeechent. D’Resultater weisen, dass um Schluss vum Zyklus 2 d’Weiche fir de Rescht vun der Schoulcarrière gestallt sinn. Schüler, déi an den éischte Joeren vun der Grondschoul gravéierend Schwieregkeeten beim Liesen entwéckelen an/oder schlecht Rechekompetenzen hunn, hale gemengerhand dësen nidderege Leeschtungsniveau bis zum Schluss vun hirer Schoulflicht bäi.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participantë kennen:
- wëssenschaftlech fundéiert Interventiounsméiglechkeeten am Beräich vun der Aschoulung vun de Kanner
- d’Wichtegkeet vun de Virleeferfertegkeeten an de Beräicher Liesen, Schreiwen a Rechnen fir e gelongene Schoulstart
- d’Wichtegkeet vun der Entwécklung vu sozio-emotionale Kompetenzen beim jonke Kand
- Interventiounsprogrammer an de Familljen, bei deenen d’Roll vun den Eltere gestäerkt, an hir erzéieresch Kompetenzen gefërdert ginn
- erfollegräich Interventiounsprogrammer am schoulesche Kontext
- d’Wichtegkeet vun den Transitiounen a vum Dialog mat den Elteren
Fäegkeeten
D’Participantë si kapabel:
- hir aktuell pädagogesch an organisationell Praxis ze beschreiwen a kritesch ze reflektéieren
- léisungsorientéiert Iddien a konstruktiv Denkustéiss ze generéieren, fir d’Aschoulung vun de Kanner an d’Schoulqualitéit ze verbesseren
Haltung
D’Participantë :
- sinn oppe fir ënnerschiddlech Perspektiven, Meenungen an Iddien a gesi se als Beräicherung un
- bréngen eege Virstellungen, Erfarungen a Meenungen an
Inhalt / Contenu
De Virtrag bezitt sech op den thematesche Rapport vum Observatoire (ONQS, 2022) zur Aschoulung vun de Kanner a besteet aus dräi Deeler : (a) Presentatioun vun de Constaten, déi sech aus der Analys vun der aktueller Situatioun erginn, (b) Identifizéierung vun de Geléngensbedéngunge fir e gudde Schoulstart, déi sech aus der wëssenschaftlecher Literatur ofleeden, an (c) Recommandatiounen vum Observatoire un d’Bildungspolitik.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Virtrag
- Diskussiounsronn.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Mirko Mainini, Observateur
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 21 mai 2024 de 16 à 18 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 8 - Auditoire |
Nombre max. de participants : | 200 |
Places disponibles : | 185 |
Statut de la formation : | Inscriptions en cours |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social Personnel dirigeant et coordonnant Personnel administratif Intervenant du stage - de la période d’initiation/d’approfondissement Formateur |
Informations complémentaires : | personnel enseignant |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Jean-marie Wirtgen - jean-marie.wirtgen@oejqs.lu |
Organisation : | Formation organisée en coopération avec le OEJQS |