En Engagement am Schoulcomité - Austausch iwwer Erfarungen, Erausfuerderungen a bewäerte Strategien (Regioun Zentrum - Osten)
(Code : A-e-96)
Kontext / Contexte
Mam Engagement am Schoulcomité iwwerhëllt en Enseignant eng ausseruerdentlech wichteg Funktioun an der eegener Schoul. Et stellen sech vill organisatoresch an awer och heiansdo strategesch oder tëschemenschlech Froen.
Mir sinn an engem Joer, wou Comiteeë nei gewielt ginn.
Heifir bidd et sech un, Leit mat méi oder manner laanger Erfahrung, mais och Leit, déi sech fir dëse Posten interesséieren, zesummen ze brengen. Esou kennen si sech iwwert dëss Tâche austauschen, gemeinsam Froen diskutéieren a gutt Iddien iwwerhuelen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen:
D'Participantë/-teë kennen:
-déi Aufgabefelder, déi mat dëser Funktioun verbonne sinn
-bewäerte Modeller vun interner Organisatioun
-bewäerte Formen vu Participatioun an Kommunikatioun innerhalb vun der Schoul a mat de Schoulpartner.
Fäegkeeten:
D'Participantë/-teë si capabel:
-d'Aufgaben vum Schoulcomité zilféierend ze iwwerhuelen
-déi eege Praxis duerzestellen an ze reflektéieren
-Verännerungsprozesser ze reflektéieren an ze gestalten
-kollegial a participativ Aarbecht innerhalb vum Corps ze initiéieren an ze begleeden.
Haltung
D'Participantë/-teë:
-reflektéieren déi eege Praxis
-si bereet hier eege Praxis duerzestellen
-liewen eng oppen an léisungsorientéiert Kommunikatioun
-loossen sech op Meenungen a Perspektiven vun anere Participantë/-teën an.
Inhalt / Contenu
D'Themeschwéierpunkter gi vun de Froestellungen an de Praxiserfarungen vun de Participantë/-teë bestëmmt. Hei kënnen z. B. folgend Theme relevant sinn: Organisatoresches, Shared Leadership, Aufgabefelder, Schoulkultur a Schoulentwécklung, Zwëschemënschleches (Haltung, Kommunikatioun, Teamgeescht, Verantwortung iwwerhuelen, …).
Arbeitsformen / Approche méthodologique
-e moderéierten Austausch an eenzelnen thematesche Gruppen unhand vun den Themen déi bei de Participantë/-teë entstinn
-Deelen vu bewäerte Praxiserfarungen an Entwéckelen vu Léisungsusätz fir besteeënd Erausfuerderungen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Luc Berns, I-DS
Jessica Gantner, I-DS
Sophie Hamelle, I-DS
Patrick Rischard, I-DS
Anne Straus, I-DS
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 16 mai 2024 de 14 à 16 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - F.USE Classlab Bâtiment6 |
Nombre max. de participants : | 25 |
Places disponibles : | 12 |
Statut de la formation : | Inscriptions en cours |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel dirigeant |
Informations complémentaires : | Member vum Schoulcomité oder Enseignanten/-teën, déi sech nei fir dëse Posten interesséieren. |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Prérequis : | Erfarungen als Member vum Schoulcomité hunn oder sech nei fir dëse Posten interesséieren. |