En Engagement am Schoulcomité - Austausch iwwer Erfarungen, Erausfuerderungen a bewäerte Strategien
(Code : A-e-93)
NB: ein oder mehrere Termine dieser Aus-Weiterbildung finden am Standort IFEN Esch-Belval - Terres Rouges statt.
Kontext / Contexte
Mam Engagement am Schoulcomité iwwerhëllt en Enseignant eng ausseruerdentlech wichteg Funktioun an der eegener Schoul. Et stellen sech vill organisatoresch an awer och heiansdo strategesch oder tëschemenschlech Froen e.a. Mir sinn an engem Joer, wou Comiteeë nei gewielt ginn, e Joer, wou sech méiglecherweis Enseignanten/-teën déi schon eng laang Erfahrung am Comité hunn, méi nei Comitésmemberen, mee och Kolleg/-innen, déi sech villäicht eréicht un där Funktioun interesséieren wéilten an en Austausch mat Leit aus anere Schoulen kommen, gemeinsam Froen diskutéieren a gutt Iddien iwwerhuelen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen:
D'Participantë/-teë kennen:
-déi Aufgabefelder, déi mat dëser Funktioun verbonne sinn
-bewäerte Modeller vun interner Organisatioun
-bewäerte Formen vu Participatioun an Kommunikatioun innerhalb vun der Schoul a mat de Schoulpartner.
Fäegkeeten:
D'Participantë/-teë si capabel:
-d'Aufgaben vum Schoulcomité efficace an effizient ze iwwerhuelen
-déi eege Praxis duerzestellen an ze reflektéieren
-Verännerungsprozesser ze plangen, ëmzesetzen an ze evaluéieren
-kollegial a participativ Aarbecht innerhalb vum Corps ze initiéieren an ze begleeden.
Haltung
D'Participantë/-teë:
-reflektéieren déi eege Praxis
-si bereet hier eege Praxis duerzestellen
-liewen eng oppen an léisungsorientéiert Kommunikatioun
-loossen sech op Meenungen a Perspektiven vun anere Participantë/-teën an.
Inhalt / Contenu
D'Themeschwéierpunkter gi vun de Froestellungen an de Praxiserfarungen vun de Participantë/-teë bestëmmt.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
-e moderéierten Austausch an eenzelnen thematesche Gruppen unhand vun den Themen déi bei de Participantë/-teë entstinn
-Deelen vu bewäerte Praxiserfarungen an Entwéckelen vu Léisungsusätz fir besteeënd Erausfuerderungen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Joël Loran, I-DS
Yves Steffen, I-DS
Linda Rippinger, I-DS
Claude Schmit, I-DS
Christian Schwarz, I-DS
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 12 mars 2024 de 14 à 17 heures |
Lieu : | IFEN Belval - Terres Rouges - bâtiment D - étage 0 - Salle 01-bâtiment D |
Nombre max. de participants : | 50 |
Places disponibles : | 38 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel dirigeant |
Informations complémentaires : | Enseignants intéressés au fonctionnement d'un comité d'école Membres effectifs d'un comité d'école Cette formation s'adresse aux enseignants des régions 3, 4, 5, 6, 7, 8 et 9 |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Prérequis : | Erfarungen als Member vum Schoulcomité hunn oder un dëser Funktioun interesséiert sinn |
Organisation : | Team I-DS |