Kultur an der Schoul – eng Konscht fir sech?
(Code : D3-b-66)
Kontext / Contexte
Kultur – an dësem Fall den Iwwerbegrëff fir kreativ Schaafensberäicher wéi Musek, Danz, Zeechnen, Literatur - soll an der Schoul Kanner vermëttelt ginn a si ureege, sech fir Kultur ze interesséieren. An der Leeschtungsgesellschaft fält Kultur gär ewech do wou aner Aufgaben als “méi wichteg” ugesi ginn.
Wat ass de Stellewäert vun der Kultur an eiser Schoul? Ass genuch kreatiivt Schaffen um Stonneplang? Oder misst ee Kultur als Wäert méi fachiwwergräifend an d’Léierpläng afléisse loossen?
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
-de Plan d'études vum EF/ES an de Beräicher Kultur a Konscht
-d'Kompetenzen déi an dëse Beräicher solle gefërdert ginn
-d'Kompetenzen déi heibäi sollen entweckelt ginn
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
-sech op verschidde Forme vu kreativen Aarbechten anzeloossen
-de Wäert vu Kultur an der schoulescher Bildung unzeerkennen
- sëch fir d'Méiglechkeet vu fachiwwergräifenden Offeren ze interesséieren
Haltung
D'Participantë/-teë:
-kënne sech op Konschtformen aloossen déi hinne selwer méi friem sinn
-interesséieren sech fir Offeren déi am kulturelle Beräich baussent der Schoul fir jonk Leit ugebuede ginn
-ënnerstëtzen d'Schüler an hire verschiddenen Aarten sech mat Konscht auserneenzesetzen
Inhalt / Contenu
Ass et de Choix vum Léierpersonal wat e Schüler a Saache Kultur mat op de Wee kritt an der Grondschoul? An am Lycée, geet et duer wann een 2 Stonnen Education artistique an eng Stonn Musek enseignéiert? Oder misst d’Vermëttele vun ästhetesche Wäerter méi breetgefächert agesat ginn? Wat ass d’Plus-value vun de kreative Schaafensprozesser fir Schüler a Schülerinnen? Ginn iwwer Musek, Danz, Literatur an Zeechne respektiv Konschtunterrecht net och Kompetenze gefestegt déi ee jonke Mënsch am anere Fall villäicht just a senger Fräizäit kultivéiert?
Offere fir Kultur entweder vu baussen an d’Schoule ranzebrénge ginn et vill. Donieft bidden och vill Acteure baussent der Schoul speziell Programmer fir Kanner a Jugendlecher un. Wouvun hänkt et of ob Kanner mat Kultur a Beréierung kommen an de Wäert vun der Ästhetik kenneléieren? A wat kann dat beschtefalls bei hinne bewierken?
Wéi kann ee Kanner a spéider Jugendlechen de Wäert vu Kultur no bréngen?
Am Webinaire schwätze 4 Invitéen iwwer d’Konscht, jonke Mënschen ze weise wat hinne Kreativitéit a Schaafensprozesser ka bréngen.
Ronderëm den Dësch sëtze fir dëse Webinaire :
-Manon Eicher, Directrice vum Kannermusée Plomm
-Nadine Erpelding, Conseiller de Gouvernement Kulturministère
-Bob Minette, Musekspädagog, SCRIPT
-Nathalie Moyen, Metteur en scène an Danzpädagogin, SCRIPT
Am Laf vum Gespréich héiere mir och verschidden aner Stëmmen iwwer den Thema Kultur an der Schoul, a jiddereen den interesséiert ass kann seng Froe stellen iwwer d’Whatsapp-Nummer 621 44 00 44 oder per Mail op fro@webinar.lu.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Ronndëschgespréich a Form vun enger Live Radioemissioun um Radio 100,7.
D'Gespréich gëtt och live iwwer d'Säit www.100komma7.lu videogestreamt.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Manon Eicher, Directrice vum Kannermusée Plomm
Nadine Erpelding, Conseiller de Gouvernement Kulturministère
Bob Minette, Musekspädagog, SCRIPT
Nathalie Moyen, Metteur en scène an Danzpädagogin, SCRIPT
Remarques / Anmerkung
Sie erhalten spätestens einen Tag vor Start der Weiterbildung den Zugangslink zu dem Weiterbildungskurs. Bitte melden Sie sich mit Ihren IAM Daten an, um Zugang zum Kurs zu erhalten. ---
Fir de Webinaire iwwert de Livestream kënnen ze gesinn, gitt Dir op d'Säit www.100komma7.lu, do fannt Dir kuerz virum Ufank vum Webinaire de Link iwwert deen Dir de Beitrag suivéiere kënnt. Dir fannt en och op Moodle. Jidderee ka seng Froen iwwert d’Thematik iwwert d’Emailadress fro@webinar.lu oder d’Whatsapp Nummer 621 44 00 44 stellen.
Fir eng Attestatioun ausgestallt ze kréien, musst Dir Är Präsenz den 12. Mäerz op Moodle bestätegen (ab 13h45 bis spéitstens 17h00).
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le mardi 12 mars 2024 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Formation en ligne sur Moodle |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 66 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le mardi 12 mars 2024 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Formation en ligne sur Moodle |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 497 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [EM] Enseignement musical (conservatoires et écoles de musique communales) [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgois |
---|---|
Prérequis : | Et muss een sech fir d'Formatioun attestéiert ze kréien iwwert de Moodle aschreiwen. |
Informations : | Nathalie Bender - nathalie.bender@men.lu |
Organisation : | SCRIPT, IFEN a Radio 100,7 |