Zesummen d'Schoul weiderentwéckelen - Virbereedung vum neie Schoulentwécklungsplang
(Code : A-a-43-EF-Troisvierges)
Kontext / Contexte
Schoulentwécklungsprozess vun der Ëlwenter Grondschoul.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë kennen:
- den Ënnerscheed tëscht alldeeglecher Unterrechtsaarbecht a strategescher Schoulentwécklungsaarbecht
- déi verschidden Etappen, déi an der strategescher Schoulentwécklungsaarbecht vu Bedeitung sinn, souwéi de Sënn dovunner (Bilan, Etat des lieux, Prioriséirung, Zilformuléirung, Detailplanung, reegelméisseg Tëschebilans)
- déi pädagogesch Grondlinne vun hirer Schoulgemeinschaft an de verschiddene Schoulentwécklungsberäicher.
Fäegkeeten
D'Participantë si capabel:
- déi aktuell Schoulentwécklungsaarbecht mat Kolleg/-innen aus anere Cyclen ze reflektéieren (Analyse vum Etat des lieux)
- aus der Analys eraus Entwécklungsfelder fir déi kommend Joeren ze identifizéieren an Emsetzungspisten ofzeleeden (Prioriséirung, Zilsetzung a Grandes lignes de réalisation).
Haltung
D'Participantën:
- bréngen déi eege Virstellungen, Erfarungen a Meenungen an
- hunn eng ko-konstruktiv Grondhaltung, sinn oppe fir ënnerschiddlech Perspektiven, Meenungen an Iddiën a gesi se als Beräicherung un
- erkennen déi partizipativ Gestaltung vu Schoulentwécklung als Gewënn fir Léierpersounen a Schüler/-innen
- iwwerhuelen zesumme Verantwortung fir d'Schoulentwécklungsaarbecht an hirer Schoul a bedeelegen sech aktiv
- striewe bei Entscheedunge Konsens un
- schaffen zesummen a fërderen de Gemeinschaftsgeescht.
Inhalt / Contenu
- Analys vum Etat des lieux
- Prioriséirung vun Entwécklungsschwéierpunkten an Ofleede vu konkreten Entwécklungspisten fir de kommenden Schoulentwécklungscycle.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Input- a Präsentatiounsphasen an der Plénière
- Eenzelaarbecht
- Reflexiounsphasen a cyclegemëschte Klenggruppen
Moderatiounsmethod:
* methodesch: sammlen - verdichten - gewiichten - beaarbechten
* inhaltlech: informéieren - beroden - entscheeden.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Josiane Molitor, I-DS
Françoise Reyter, I-DS
Yves Schintgen, I-CN
Véronique Schmitz, I-DS
Remarques / Anmerkung
Am Virfeld w.e.gl. den Etat des lieux nach emol duerchliesen.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 22 février 2024 de 13.30 à 16.30 heures |
Lieu : | Ecole fondamentale de Troisvierges - affichage sur place |
Nombre max. de participants : | 60 |
Places disponibles : | 16 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif de l'EF Troisvierges |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Pierre Turpel - pierre.turpel@education.lu |