Meng 24 Stonnen – iwwerlueden oder optimal genotzt? (CP/PR Stage EF)
(Code : E-c-38-EF)
Kontext / Contexte
An der Begleedung vu Stagiairen an eisem dach oft éischter hekteschen Alldag, spillen Zäitmanagement an déi eegen Organisatioun eng wichteg Roll a stellen ëmmer nees eng Erausfuerderung duer. De Fokus vun dëser Formatioun läit op der Virstellung vu verschiddenen Theorien a Modeller, mee och vu praktesche Strategien an Technike vum Zäitmanagement, déi Iech an Ärer Roll als Begleetpersoun (CP/PR) am Alldag dobäi ënnerstëtze kënnen, Är Zäit méiglechst effizient ze notzen.
Zielsetzung / Objectifs
Savoir:
D’Participant/e/ë kennen:
- verschidden Theorien a Modeller, sou wéi praktesch Strategien an Technike vum Zäitmanagement, déi hinnen erlaben hir Zäit am Alldag an hirer Roll als CP/PR méiglechst effizient ze notzen
Savoir-faire:
D’Participant/e/ë si kapabel:
- d’Erausfuerderungen an der Relatioun CP - Stagiaire-Fonctionnaire respektiv an der Relatioun PR - Stagiaire-Employé/e ze identifizéieren
- déi eegen organisatoresch Approchen ze identifizéieren a kritesch ze reflektéieren
- sech mat neien Organisatiounsmodeller auserneenzesetzen
Attitudes:
D’Participante ginn opgefuerdert :
- sech oppen ze weise géigeniwwer neien Organisatiounsmodeller
- ee passenden Outil an hirem Alldag praktesch unzewenden/ze testen
- sech an hirer Aarbecht als CP/PR weider ze entwéckelen, ze verbesseren
Inhalt / Contenu
Als Conseiller/ère pédagogique (CP) oder Personne de référence (PR) huet een eng villsäiteg, spannend an awer och verantwortungsvoll Aufgab ugeholl, déi vill Zäitmanagement an Organisatioun erfuerdert.
An dëser Formatioun gi verschidden theoretesch Modeller, awer och praktesch Outile presentéiert, déi zu enger besserer Zäitgestioun solle bäidroen.
Méiglech Froen, déi d’Participanten sech dobäi solle stelle sinn, z.B.:
• Wat fir ee vun deene präsentéierte Modeller passt am beschte bei mech, bei mäin Aarbechts- resp Liewensstil?
• Wat genau brauch ech fir kenne meng zäitlech Besoin’en z’erfëllen?
• Wéi wenden ech déi theoretesch Modeller a menger eegener Praxis un?
Arbeitsformen / Approche méthodologique
D’Formatioun besteet aus 3 Deeler:
1. Informatiouns-Phas mat ofwiesselenden Übungen/Aktivitéiten (Kollektivaarbecht):
-theoretesch Aspekter kenneléieren,
-perséinlech Iwwerleeungen zum Thema Zäitmanagement matdeelen
-primär Eegenaschätzung zu senger zäitlecher Organisatioun festleeën
-ofwiesselend a widderhuelend Interaktiounen op Basis vu professionellen a perséinleche Beispiller féieren
2. Integratiouns-Phas a praktesch Uwendung (Individuellaarbecht)
-seng eegen Organisatiounsapproche aaneschters ugoen/unpassen
-een oder e puer Outilen austesten fir seng 24h, respektiv seng Woch virzebereeden
-Reflexiounsfro beäntweren (Moodle)
3. Reflexiouns-Phas (Gruppenaarbecht)
- iwwert seng perséinlech Selbstreflexioun nodenken
- ee kollegialen a reflexiven Austausch mat anere CP/PR iwwert déi praktesch Erfarungen, respektiv vun den Uwendunge vun den theoreteschen Tools
- sekundär Eegenaschätzung zu senger zäitlecher Organisatioun festleeën a vergläichen
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Diane Muacho Duarte
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 5 mars 2024 de 14 à 18 heures le jeudi 28 mars 2024 de 14 à 16 heures Travail asynchrone de 1 heure (Outilen testen mat enger Reflexioun um Moodle. Délai: 25.03.2024) |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 6 |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation annulée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | conseillers/ères pédagogiques qui accompagnent des enseignant/e/s-stagiaires de l'EF; personnes de référence qui accompagnent des employé/e/s-stagiaires de l'EF |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | Luxembourgeois |
---|---|
Prérequis : | Déi eegen Roll als Begleeder kennen (Ziler, Kompetenzen, Responsabilitéiten, gesetzleche Kader) |
Organisation : | Institut de formation de l'Éducation nationale |