D'Schoul zesumme weiderentwéckelen - Virbereedung vum neie Schoulentwécklungsplang
(Code : A-a-43-EF-Preizerdaul)
Kontext / Contexte
D’Opstellung vum "Etat des lieux" an d’Schäerfung vu prioritären Entwécklungsfelder sinn agebett an den Ausaarbechtung-Prozess vum Schulentwécklungsplang 2024-2027.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participantë/-teë kennen:
- den Ënnerscheed tëscht alldeeglecher Unterrechtsaarbecht a strategescher Schoulentwécklungsaarbecht
- déi verschidden Etappen, déi an der strategescher Schoulentwécklungsaarbecht vu Bedeitung sinn (Bilan, Etat des lieux, Prioriséirung, Zilformuléierung, Detailplanung, reegelméisseg Tëschebilanen), souwéi de Sënn dovunner
- déi pedagogesch Grondlinne vun hirer Schoulgemeinschaft an de verschiddene Schoulentwécklungsberäicher.
Fäegkeeten
D’Participantë/-teë si capabel:
- d'Schoulentwécklungsaarbecht vun de leschten dräi Joer z’auto-evaluéieren (Bilan)
- déi aktuell Schoulentwécklungsaarbecht mat Kolleegen/-innen aus anere Zyklen ze reflektéieren (Analys vum Etat des lieux)
- léisungsorientéiert Iddien a Virstellungen ze generéieren, déi an enger gemeinsamer Visioun vun “hirer” Schoul zesummefléissen
- en Zykle-iwwergräifenden "roude Fuedem" a spezifeschen Themeberäicher ze erkennen
- aus der Analys vum Etat des Lieux eraus, Entwécklungsfelder fir déi kommend 3 Joren z’identifizéieren, ze prioriséieren an Ëmsetzungspisten ofzeleeden (Prioriséierung a Grandes lignes de réalisation).
Haltung
D’Participantë/-teën:
- sinn oppe fir ënnerschiddlech Perspektiven, Meenungen an Iddien a gesinn se als Beräicherung un
- bréngen eege Virstellungen, Erfarungen a Meenungen an
- erkennen déi participativ Gestaltung vu Schoulentwécklung als Gewënn fir Léierpersounen a Schu¨ler/-innen
- iwwerhuelen zesumme Verantwortung fir d'Schoulentwécklungsaarbecht an hirer Schoul
- striewe bei Entscheedunge Konsens un
- schaffen zesummen a fërderen de Gemeinschaftsgeescht.
Inhalt / Contenu
- Réckbléck op déi zeréckbehalen Elementer aus dem Bilan global
- gemeinsame ganzheetleche Bléck op d’Schoul iwwert den Etat des lieux vun de 7 prioritären Domainer eraus, Ergänzung an Analys vum Etat des lieux
- Prioriséierung vun Entwécklungsschwéierpunkten an Ofleede vu konkreten Entwécklungsméiglechkeete fir den neie Schoulentwécklungsplang
- Austausch iwwer Gemeinsamkeeten zu Iddien an Ëmsetzungs-Moossname vun de verschiddenen Zyklen
- Benennung a Formuléierung vu méiglechen Ziler.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- kuerzen Input a Präsentatioun am Plenum
- Brainstorming mat der "Think-Pair-Share"-Method
- PMI an de mindestens 7 prioritären Domainer (Encadrement des enfants à besoins spécifiques (EBS), organisation de l'appui pédagogique, amélioration de la qualité des apprentissages et de l'enseignement, intégration des technologies de l'information et de la communication (TIC), collaboration entre l'école et la maison relais, le développement de compétences interculturelles et l’encadrement des élèves issus d’un contexte migratoire, collaboration avec les parents d'élèves)
- Aarbechts- a Reflexiounsphasen an Zykle-gemëschte Klenggruppen
- Piste sammele fir de Schoulentwécklungsplang 2024-2027.
Moderatiounsmethod:
*methodesch: sammelen - verdichten - gewiichten
*inhaltlech: informéieren - beroden - entscheeden
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Ronny Rommes, I-DS
Remarques / Anmerkung
Viraarbecht: Update vum leschten Etat des lieux am Kader vu Steiergrupp- an Zykle-Versammlunge
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 22 février 2024 de 18 à 21 heures |
Lieu : | Ecole fondamentale de Preizerdaul - Bettborn/Pincipale - Centre culturel |
Nombre max. de participants : | 50 |
Places disponibles : | 31 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif de l'EF Preizerdaul |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Nicole Huber - nicole.huber@education.lu |