Mir entwéckelen eis Schoul zesumme weider - Bestandsopnam a méiglech Entwécklungsfelder
(Code : A-a-45-EF-Fentange)
Kontext / Contexte
D’Opstellung vum "Etat des lieux" an d’Schäerfung vu prioritären Entwécklungsfelder sinn agebett an den Ausaarbechtung-Prozess vum Schulentwécklungsplang 2024-2027.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participantë/-teën kennen:
- déi verschidden Etappen, déi an der strategescher Schoulentwécklungsaarbecht vu Bedeitung sinn (Bilan, Etat des lieux, Prioriséirung, Zilformuléierung, Detailplanung, reegelméisseg Tëschebilanen), souwéi de Sënn dovunner
- déi pädagogesch Grondlinne vun hirer Schoulgemeinschaft an de verschiddene Schoulentwécklungsberäicher.
Fäegkeeten
D’Participantë/-teën si capabel:
- hir aktuell pädagogesch an organisationell Praxis mat Kolleegen/-innen aus der Schoul an ggf. mat anere Memberen vun der Schoulgemeinschaft ze beschreiwen a konstruktiv - kritesch ze reflektéieren
- léisungsorientéiert Iddien a Virstellungen ze generéieren, déi an enger gemeinsamer Visioun vun hirer Schoul zesummefléissen
- en Zykle-iwwergräifenden "roude Fuedem" a spezifeschen Themeberäicher ze erkennen oder ggf. Pisten dohinner ze entwéckelen
- aus der Analys vum Etat des Lieux eraus, Entwécklungsfelder fir déi kommend 3 Joren z’identifizéieren, ze prioriséieren an Ëmsetzungspisten ofzeleeden (Prioriséierung a Grandes lignes de réalisation).
Haltung
D’Participantë/-teën:
- sinn oppe fir ënnerschiddlech Perspektiven, Meenungen an Iddien a gesinn se als Beräicherung un
- bréngen eege Virstellungen, Erfarungen a Meenungen an
- erkennen déi participativ Gestaltung vu Schoulentwécklung als Gewënn fir Léierpersounen a Schüler/-innen
- iwwerhuelen zesumme Verantwortung fir d'Schoulentwécklungsaarbecht an hirer Schoul
- striewe bei Entscheedunge Konsens un
- schaffen zesummen a fërderen de Gemeinschaftsgeescht.
Inhalt / Contenu
- Beschreiwung a kritesch Analys vun der besteeënder Praxis an de 7 prioritäre Beräicher vum État des Lieux am Kontext wéi se am gesetzleche Kader zum PDS virgesi sinn
- Reflexioun iwwer gemeinsam Valeuren a Krittäre fir Selbstevaluatioun
- Reflexioun iwwer Ursaache vun Entwécklungen
- ganzheetleche Bléck mam Erkenne vu Musteren a méiglechen iwwergeuerdent Entwécklungsfelder
- Prioriséierung vun Entwécklungsschwéierpunkten an Ofleede vu konkreten Entwécklungsméiglechkeete fir den neie Schoulentwécklungsplang
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Reflexiounsphasen an Zykle-spezifeschen an Zykle-gemëschte Gruppen
- virstrukturéiert Materialien
- Visualiséierung vun de Resultater.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Jil Aniset, I-CN
Claude Schmit, I-DS
Christian Schwarz, I-DS
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 1er février 2024 de 13.30 à 16.30 heures |
Lieu : | Ecole fondamentale de Hesperange - Fentange - Salle polyvalente |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 9 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif de l'EF Fentange |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Julie Wenger - julie.wenger@education.lu |