Digital Sciences op 5e – Aféierung an d'Léiersequenze vun de sechs Themeberäicher – Axe thématique 4 et 5
(Code : D6-f-19)
Kontext / Contexte
Vun der Rentrée 2022-2023 un gëtt dat neit Fach Digital Sciences an all de Lycéeën uechter d'Land agefouert. Enseignanten/-teën aus ënnerschiddleche Fächer si bereet, déi Jonk dobäi z'ënnerstëtzen an an hire Klassen digital Kompetenzen z'entwéckelen. Et geet fir d'éischt dorëm, an Inhalter a Sujeten anzeféieren, duerno déi noutwenneg technesch Capacitéiten dozou ze vermëttelen, fir dann d'Schüler/-innen duerch Reflexioun bei der Verfestegung vun hirer eegener digitaler Identitéit ze begleeden. An deem Sënn gëtt bei der Rentrée 2023-2024 dat neit Fach an de Programm vun de 5e-Klassen integréiert.
Änlech wéi beim Coding am Enseignement fondamental sinn och d'Digital Sciences een neie Moment an der Schoulkarriär vun den Enseignanten/-teën. Dofir bitt dës Formatioun een detailléierten Abléck an d'Léiersequenze vun de sechs Themeberäicher vun den Digital Sciences a weist, wéi déi nei Inhalter innovativ evaluéiert gi kënnen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- den Detail vun de Léiersequenze vun den eenzelen Themeberäicher
- d'Ofgrenzung vun den Digital Sciences par Rapport zum Fach Informatik
- innovativ Methode wéi d'Léiersequenzen an de sechs Themeberäicher evaluéiert gi kënnen
- berufflech a perséinlech Capacitéiten, déi duerch d'Digital Sciences opgebaut gi kënnen.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- d'Kompetenzen, déi am Kader vun den Digital Sciences opgebaut ginn, verstanen ze hunn an unzewennen
- dës Kompetenze par Rapport zum Kodéieren, Computational Thinking an der Mediebildung anzeuerdnen
- verstanen ze hunn, op wat et an den Digital Sciences ukënnt
- déi sechs Themeberäicher mat de Jonken ëmzesetzen
- innovativ Evaluatiounsmethoden unzewennen.
Haltung
D'Participanten/-teëm:
- reflektéieren hir Roll bei der Vermëttlung vun den dräi Pilieren "savoir", "savoir-faire" a "savoir-être"
- reflektéieren de Stellewäert vum neie Fach par Rapport zum Liewensalldag an dem Privatliewe vun de Jonken.
Inhalt / Contenu
Classe de 5e, Axe thématique 4 : Le jeu, analogue ou digital et Axe thématique 5 : Le robot, ami ou ennemi?
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Theoreteschen Input
- Austausch am Grupp
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Vanessa Hoff, Spieldesigner, membre du groupe de travail Digital Sciences, SCRIPT – Division Inno
Gérard Kraus, Master Science Fiction Studies (Liverpool), professeur d'anglais et médias, Lycée Bel-Val, membre du groupe de travail Digital Sciences, SCRIPT – Division Inno
Luc Schreiner, professeur, membre du groupe de travail Digital Sciences (LTL, SCRIPT)
Remarques / Anmerkung
Veuillez consulter votre espace MS Teams, le groupe de formation s’affichera au plus tard un jour avant le début de la formation. Vous ne recevrez pas de lien d'accès. Un microphone et une caméra sont indispensables pour y participer (PC ou ordinateur portable, pas d'iPad ni de smartphone (fonctionnalité limitée)). La caméra doit être allumée pendant toute la durée.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le jeudi 25 janvier 2024 de 15.30 à 17.30 heures |
Lieu : | Formation en ligne sur Teams |
Nombre max. de participants : | 50 |
Places disponibles : | 40 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le jeudi 16 mai 2024 de 15 à 17 heures |
Lieu : | Formation en ligne sur Teams |
Nombre max. de participants : | 50 |
Places disponibles : | 45 |
Statut de la formation : | Inscriptions en cours |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant des classes pilotes Digital Sciences |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois (français et / ou allemand au besoin) |
---|---|
Prérequis : | Consulter les ressources pédagogiques sur Pearltrees (Manuals, Digital Sciences - Maître) |
Informations : | Claire Flammang - claire.flammang@men.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec la Division Innovation du SCRIPT |