Zesummen d'Schoul weiderentwéckelen - Virbereedung vum neie Schoulentwécklungsplang
(Code : A-a-33-EF-Capellen)
Kontext / Contexte
Workshop fir d’Schoulentwécklung partizipativ vun der Schoul Capellen zu denken. D’Theme ginn zesumme prioriséiert fir een neit Zil fir de Schoulentwécklungsplang 2024-2027 ze formuléieren.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- déi verschidden Etappen, déi an der strategescher Schoulentwécklungsaarbecht vu Bedeitung sinn (Bilan, Etat des lieux, Prioriséirung, Zilformuléierung, Detailplanung, reegelméisseg Tëschebilans), souwéi de Sënn dovunner
- déi pedagogesch Grondlinne vun hirer Schoulgemeinschaft an de verschiddene Schoulentwécklungsberäicher
- den Ënnerscheed tëscht alldeeglechem Unterrecht a strategescher Schoulentwécklungsaarbecht .
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- déi aktuell Schoulentwécklungsaarbecht mat Kolleeg/-innen aus anere Cyclen ze reflektéieren
- aus der Analys eraus Entwécklungsfelder fir déi kommend Joren z‘identifizéieren an Ëmsetzungspisten ofzeleeden (Prioriséirung & Grandes lignes de réalisation).
Haltung
D'Participanten/-teën:
- sinn oppe fir fir ënnerschiddlech Perspektiven, Meenungen an Iddien vun de Kolleeg/-innen a gesinn se als Beräicherung un
- erkennen déi partizipativ Gestaltung vu Schoulentwécklung als Gewënn fir d'Léierpersounen an d'Schüler/-innen
- weisen eng ko-konstruktiv Grondhaltung fir d’Schoul weiderzebrengen
- striewe bei Entscheedunge Konsens un
- iwwerhuelen zesumme Verantwortung fir d'Schoulentwécklungsaarbecht an hirer Schoul.
Inhalt / Contenu
- Virstellung vum Bilan an Etat des lieux vum aktuelle Schoulentwécklungsplang.
- Analys vum Etat des lieux
- Prioriséirung vun Entwécklungsschwéierpunkten an Ofleede vu konkrete Entwécklungspiste fir de kommende Schoulentwécklungsplang 2024-2027.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Input- a Presentatiounsphasen
- Analysevu prioritären Theme fir den nächste Schoulentwécklungsplang a cyclegemëschte Klenggruppen
- Reflexiounsphasen a Klenggruppen
- Piste sammele fir de Schoulentwécklungsplang
Moderationsmethod:
*methodesch: sammelen - verdichten - gewiichten
*inhaltlech: informéieren - beroden - entscheeden.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Françoise Reyter, I-DS
Michel Thilgen, I-CN
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 16 janvier 2024 de 14 à 17 heures |
Lieu : | Ecole fondamentale de Capellen - Hall C2 |
Nombre max. de participants : | 37 |
Places disponibles : | 5 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif de l’EF de Capellen |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Maryse Baden - maryse.weis@education lu |