Zesummen d'Schoul weiderentwéckelen - Virbereedung vum neie Schoulentwécklungsplang
(Code : A-a-33-EF-Tandel)
Kontext / Contexte
Workshop fir d’Schoulentwécklung vun der Schoul Tandel partizipativ zu denken. D’Theme ginn zesumme prioriséiert, fir een neit Zil fir de Schoulentwécklungsplang 2024-2027 ze formuléieren.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë kennen:
- déi verschidden Etappen, déi an der strategescher Schoulentwécklungsaarbecht vu Bedeitung sinn (Bilan, Etat des lieux, Prioriséie, Zilformuléierung, Detailplanung, reegelméisseg Tëschebilanen)
- déi pedagogesch Grondlinne vun hirer Schoulgemeinschaft
- den Ënnerscheed tëscht alldeeglechem Unterrecht a strategescher Schoulentwécklungsaarbecht.
Fäegkeeten
D'Participantë si capabel:
- déi aktuell Schoulentwécklungsaarbecht mat Kollegen/-innen aus anere Cyclen zu reflektéieren
- aus der Analys eraus Entwécklungsfelder fir déi kommend Joren z'identifizéieren an Ëmsetzungspisten ofzeleeden (Prioriséierung & Grandes lignes de réalisation).
Haltung
D'Participantë:
- sinn oppe fir fir ënnerschiddlech Perspektiven, Meenungen an Iddie vun de Kolleegen/-innen a gesinn se als Beräicherung un
- erkennen déi participativ Gestaltung vu Schoulentwécklung als Gewënn fir d'Léierpersounen an d'Schüler/-innen
- weisen eng ko-konstruktiv Grondhaltung fir d'Schoul weiderzebréngen
- striewe bei Entscheedunge Konsens un
- iwwerhuelen zesumme Verantwortung fir d'Schoulentwécklungsaarbecht an hirer Schoul.
Inhalt / Contenu
- Virstellung vum Bilan an Etat des lieux vum aktuelle Schoulentwécklungsplang
- Analyse vum Etat des lieux
- Prioriséierung vun Entwécklungsschwéierpunkten an Ofleede vu konkrete Pisten fir de kommende Schoulentwécklungsplang 2024-2027
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Input- a Präsentatiounsphasen
- Analys vu prioritären Theme fir den nächsten Schoulentwécklungsplang a cyclegemëschte Gruppen
- Reflexiounsphasen a Klenggruppen
- Piste sammele fir de kommende Schoulentwécklungsplang
Moderationsmethouden
- methodesch: sammelen - verdichten - gewiichten
- inhaltlech: informéieren - beroden - entscheeden.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Véronique Schmitz, Institutrice spécialisée en développement scolaire
Marc Kremer, Instituteur spécialisé en compétences numériques
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le lundi 22 janvier 2024 de 16.15 à 19.15 heures |
Lieu : | Commune Tandel - Salle des fêtes |
Nombre max. de participants : | 40 |
Places disponibles : | 9 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif de l'EF Tandel |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Chris Warszta - chris.warszta@education.lu |
Organisation : | Véronique Schmitz, institutrice spécialisée en développement scolaire (IFEN) |