Digital Medien am Musekscours
(Code : D3-b-50)
Kontext / Contexte
Mise en pratique vun de Materialie vu mimamu.lu (SCRIPT)
D'Participante léieren wéi ee verschidden Apps an Internetsäiten an de Musekscours integréiere kann. D'Apps déi an dëser Formatioun benotzt ginn, sinn esouwuel mat engem iPad, mat engem Android-Tablett, an PCen mat enger Internetverbindung accessibel.
Enner anerem ginn folgend Websäite benotzt: (Soundtrap, BandLab, Walk Band, Learning Music Ableton, Koala, Chrome Music Lab)
Zielsetzung / Objectifs
Wissen
Die Teilnehmer/-innen kennen:
- verstoe wéi déi verschidden Apps an Internetsäite funktionéieren a wéi een se mat Schüler benotze kann.
- léieren, wéi e musikalesch Kompetenze mat digitale Medien erschaffe kann.
Fähigkeiten
Die Teilnehmer/-innen sind in der Lage:
- een Drumbeat ze produzéieren.
- ee Lidd mat Hëllef vu Loops (Samples) ze kreéieren
- Opname vu verschiddenen Geräischer ze maachen
- am Grupp ze musizéieren
- bekannte Melodien ze reproduzéieren/ze programméieren
Haltung
Die Teilnehmer/-innen:
- sollen oppe sinn, néi Méiglechkeeten ze entdecke vir de Musekscours ze gestalten.
- eng positiv Astellung vis-à-vis vun de musikalesche Produktioune vun den anere Participanten hunn.
- sech aus hirer Komfort-Zone trauen a feststellen dass ee kee Feeler maache kann.
- selwer kreativ Ideen entwéckelen, wéi een déi verschidden Apps an Internetsäiten am Cours (och ausserhalb vum Musekscours) benotze kann.
Inhalt / Contenu
Mir entdecken d'Vilfalt vu verschiddenen Apps a Websäiten a wéi se am Musekscours benotzt kenne ginn. An dem Sënn wäerte mir verschidde Variante gesi, vir mat Hëllef vu Loops (Samples) ee Lidd ze kreéiere; bekannten Drumbeats ulauschteren a reproduzéieren, entdecke wéi mir eis Stëmm an aner Geräischer ophuele kënnen an dës Geräischer manipuléiere kënnen (méi schnell oder méi lues, méi hell oder méi donkel, reversed); mat Hëllef vun enger Akkord-Funktioun bekannte Lidder begleede respektiv sech sëlwer beim Sange begleeden, zesumme musizéieren, an éischt Erfarunge mat der Improvisatioun sammelen.
All des Punkte ginn un Hand vun Aarbechtsblieder begleet, déi d'Participanten direkt an hirem eegene Musekscours uwende kënnen. Donieft ginn d'Participanten ugereegt, z'iwwerleeën, wéi ugeschwaten Themen am Cours ugewannt kenne ginn (souwuel am Musekscours wéi ausserhalb vum Musekscours).
Des Formatioun déngt als Aféierung an déi verschidden Apps an Internetsäiten. Des Apps an Internetsäite kennen awer och benotzt ginn, vir differenzéiert ze schaffen a Schüler déi an der Musek ee méi héijen Niveau wéi de Rescht vun der Klass hunn (z.B. Schüler déi Musekscoursen huelen) ze fërderen. Béi Bedarf kënne mir wärend der Formatioun och ob de Punkt agoen, respektiv kënnen Aarbechtsblieder vir des Zilgrupp bereet gestallt ginn.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Learning by Doing
Austausch vun Erfahrungen
Gruppenaarbescht
Lernen am Modell
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Ben Konen, Script
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 23 mai 2024 de 14 à 17 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 5 - Eduscène |
Nombre max. de participants : | 25 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Inscriptions en cours |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire [EM] Enseignement musical (conservatoires et écoles de musique communales) |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif, Enseignement musical |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgois |
---|---|
Prérequis : | Een iPad/Tablett oder Laptop mat Internet Accès mat an d'Formatioun bréngen. Kuerz virun der Formatioun kritt dir nach 2-3 Apps gesot déi dir erofluede sollt, respektiv um Laptop installéiere sollt (falls se net per Brower accessibel sinn). |
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |