Multimedial mam Tablet dokumentéieren
(Code : D6-c-43)
Kontext / Contexte
Am schouleschen Alldag ass d'Präsenz vun Tabletten ëmmer méi allgéigenwäerteg. Kommt mat ons op eng Rees fir ze gesinn wéi een verschidden Apps kann notzen fir multimedial Produkter ze erschafen déi den Unterrëcht completéieren an eng Approche sur Mesure kënnen duerstellen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen:
D'Participantë/-teë kennen:
- d‘Grondlage vun der Tablet-Bedéngung an -Navigatioun
- d’Basis vun Fotographie, Videographie, Audiorecordage an Textdokumentatiounstechniken op Tabletten
- Weer wéi si Multimedia-Dateien organiséieren, späicheren a verwalte kënnen.
Fäegkeeten:
D'Participantë/-teë si capabel:
- multimedial Dokumenter kreativ, innovativ a pedagogesch ze notzen
- kollaborativ am Grupp hiert Wëssen an hir Fäegkeeten auszebauen an och an den Unterrecht ze projezéieren
- fir Fotoen, Videoen an Texter einfach an effektiv erstellen an ze verschaffen
- Audioopnamen duerchzeféieren a ze beaarbechten fir d’Qualitéit ze verbesseren
- effizient Aarbechtsofleef fir d’Dokumentatioun mat Tabletten opzestellen
- eng limitéiert Unzuel un Apps an Tools auswielen an notze fir audiovisuell Aufgaben ze erfëllen
- fir multimedial Präsentatiounen a Projeten ze erstellen a kreativ an hiren Unterrecht mat anzebannen.
Haltung:
D'Participantë/-teë:
- entwécklen e Verständnis fir rechtlech an ethesch Froen am Zesummenhang mat multimedialen Dokumentatiounen
- entwécklen eng positiv Haltung zu multimedialen Dokumenter a verstinn de Notzen dovun.
- ginn dozou sensibiliséiert fir sech Froen zum Dateschutz ze stellen an no Léisungen ze sichen.
Inhalt / Contenu
Aféierung zu der Tabletnotzung:
- Auswiel zum passenden Tablet
- Noutwendeg Grondastellungen vum Tablet.
Foto- a Videographie mat Tabletten:
- Tipps fir gutt Fotoen a Videoen ze maachen
- Verschaffen vu Fotoen a Videoen um Tablet.
Audiodokumentatioun:
- Opnam a Verschaffen vun Audio
- Verwendung vu Mikroen a Kopfhörer
- Audioqualitéit verbesseren a Hannergrondgeräischer reduzéieren.
Notizen und Textdokumentatioun:
- Textveraarbechtungs-App sënnvoll benotzen
- Handschrëftlech Notizen an Skizzen op Tabletten erstellen.
Apps und Tools fir d’Dokumentatioun:
- limitéiert Unzuel un Apps mat breedem Asazgebidd
- Tipps zur Auswiel an zur Notzung.
Praktesch Uwendungen:
- Fallbeispiller a Übungen fir d’multimedial Dokumentatioun a pedagogeschen Notzen.
Kreativen Asaz vu multimedialen Dokumenter:
- Erstellung vu Presentatiounen a Multimedia-Projeten
- Notzung vu Animationen an interaktiven Elementer.
Best Practices a Tipps:
- Effizient Aarbechtsofleef fir d’Dokumentatioun mat Tabletten
- Fehlervermeidung a Qualitätsverbesserung.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Workshops
- Learning by doing
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Sven Fournelle - I-CN
Ben Schreiner - I-CN
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 30 janvier 2024 de 14 à 17 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 1 - Work Lounge |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation annulée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |