Audio-Video kreativ an der Klass
(Code : D6-c-40-EF-Echternach)
Kontext / Contexte
D’Notzung vun enger Kamera an engem Mikro ass net ëmmer selbstverständlech. Hautesdaags fënnt een béid Saachen relativ gudd kombinéiert op engem Tablett erem.
Elo stellt sech natierlech d’Fro: wéi kann ech domadder schaffen, fir dass ech aus Audio a Video kreativ Eegenproduktioune maache kann?
An dëser Formatioun gëtt et d'Äntfert op dës Fro a Form vu Proposen, vun den Appen, déi fir déi jeeweileg Aufgaben Sënn maachen, bis hin zu den Tipps an Tricks, wéi een domadder kann ëmgoen.
Duerch d'Ophuele vun Audio a Video soll der Léierpersoun, wéi och dem/der Schüler/-in, d'Méiglechkeet gi sinn, sech kreativ auszedrécken a Produktiounen ze erstellen, déi si ouni den Asaz vun engem iPad net erstelle kéinten. Si sollen d'Fäegkeeten an d'Kompetenzen léieren, fir ze visualiséieren, opzehuelen, ze verschaffen an erëmzeginn, dëst als als Wëssen a Kënnen, dat een an sengem Liewen ëmmer erëm an an alle Situatioune notze kann.
Mat Stopmotion kënne mir vu ganz kuerzen Animatiounen bis zu komplexe Filmer mat ganz einfachem Material erstellen. Dëst ass och eng gutt Veranschaulechung, wéi Filmer iwwerhaapt funktionnéieren.
Dës Produkter erlaben eis et, eis Aarbecht an d'Léieren vun de Kanner besser ze erfaassen, ze dokumentéieren an och den Elteren ze präsentéieren.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participanten kennen:
- sënnvoll Video- an Tounbeaarbechtungs-Appen
- wéi een mam iPad Fotoen, Videoen an Toun ophëll
- ënnerschiddlech Medie-Produkter, déi ee mam iPad erstelle kann
- d’Méiglechtkeete vum Späicheren mat de jeeweilege Vir- an Nodeeler.
Fäegkeeten
D’Participanten kënnen:
- Toun, Bild a Video mam iPad ophuelen a verschaffen.
- e Film oder e puer Biller zesummegefaasst zu engem Bild novertounen
- Mediennotzung kreativ a sënnvoll, zesumme mat de Schüler/-innen an der Klass asetzen
- Bild, Toun a Video als eng Plus-Value an Unterrechtseenheeten abauen
- d'Produkter aus der Klass opgewäert als Video den Elteren weisen.
Haltung
D’Participanten:
- sinn oppe fir nei Weeër fir ze léieren an auszeprobéieren.
- reflektéieren hir Medienaktivitéiten op Basis vum Mediekompass.
Inhalt / Contenu
Mir léieren d’Kamerafunktioun, Chatterpix, Stopmotion an iMovie kennen a kucken wéi een mat deenen Appen Toun, Bild oder Video ophuelen a verschaffe kann.
Unhand vu konkrete Situatiounen, wéi se och an der Klass virkommen, bauen mir Produkter op, déi eng Plus-Value fir de modernen a vum Schüler matbestëmmten Unterrecht sinn.
Mir léiere kuerz Sequenzen opzehuelen, unhand vu verschiddenen Apps, se duerno unenaner ze setzen, mat Texter a grapheschen Elementer ze ënnermolen an nozevertounen.
Mir kucken, wou een dës Dokumenter am beschte späichere kann a wéi een se mat Elteren deelt oder exportéiert.
De Mediekompass hëlleft eis dës Techniken am didaktesch-methodeschen Ëmfeld vun der Schoul richteg unzeweden an esou zu enger Plus-Value am Unterrecht ginn ze loossen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Aféierung vun de verschiddenen Apps
- Analyséiere vu verschiddene Kontexter an deenen een dës Elementer asetze kann
- Notzen an der Klass - Wat kann ee wéi mat de Schüler maachen?
- Videoschnëtt fir Enseignanten - Wéi loossen sech dës Produkter zesummesetzen a verschaffen?
- Mediekompass - U wéi enge Kompetenzen schaffe mir hei?
- selwer Entdecken - Ausprobéieren
- Feedback-Ronn
Dëst passéiert deels als Erklärmomenter am grousse Grupp an deels als Ausprobéiermomenter, hands-on, a klenge Gruppe. Eenzel Schrëtt ginn och am grousse Grupp zesumme gekuckt, analyséiert a presentéiert.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Sven Fournelle, Instituteur spécialisé en compétences numériques (I-CN)
Remarques / Anmerkung
Folgend Material mussen d'Patricipanten zur Hand hunn:
- Tablette oder Smartphone mat der Stop-Motion-App, Chatterpix a mat iMovie
- Material fir e Stop-Motion-Film ze animéieren (z.B. Bastelmaterial, Lego, Playmobil, Kapla, Baukasten, Déierefiguren...) wat een och benotze kann fir mat Chatterpix ze schaffen
- Fotoen a Videoen aus der Klass, als Material fir de Videoschnëtt auszeprobéieren
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 28 novembre 2023 de 13 à 16 heures travail en classe individuel entre le 29 novembre et le 15 mars 2023 (2 heures) |
Lieu : | Ecole fondamentale d'Echternach - Bâtiment du Cycle 1 |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 12 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant de l'EF d'Echternach |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Romy Dostert - romy.dostert@education.lu |
Organisation : | Sven Fournelle, Instituteur spécialisé en compétences numériques |