Zesummen d'Schoul weiderentwéckelen - Virbereedung vum neie Schoulentwécklungsplang
(Code : A-a-33-EF-Koerich)
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- den Ënnerscheed tëscht alldeeglecher Unterrechtsaarbecht a strategescher Schoulentwécklungsaarbecht
- déi verschidden Etappen, déi an der strategescher Schoulentwécklungsaarbecht vu Bedeitung sinn (Bilan, Etat des lieux, Prioriséirung, Zilformuléirung, Detailplanung, reegelméisseg Tëschebilanen), souwéi de Sënn dovunner
- déi pädagogesch Grondlinne vun hirer Schoulgemeinschaft an de verschiddene Schoulentwécklungsberäicher.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- d'Schoulentwécklungsaarbecht vun de leschten dräi Joer z’auto-evaluéieren (Bilan)
- déi aktuell Schoulentwécklungsaarbecht mat Kolleegen/-innen aus anere Cyclen ze reflektéieren (Analys vum Etat des lieux)
- aus der Analys eraus Entwécklungsfelder fir déi kommend Joren z’identifizéieren an Ëmsetzungspisten ofzeleeden (Prioriséirung a Grandes lignes de réalisation).
Haltung
D'Participanten/-teën:
- sinn oppe fir ënnerschiddlech Perspektiven, Meenungen an Iddien a gesi se als Beräicherung un
- erkennen déi partizipativ Gestaltung vu Schoulentwécklung als Gewënn fir Léierpersounen a Schüler/-innen
- iwwerhuelen zesumme Verantwortung fir d'Schoulentwécklungsaarbecht an hirer Schoul
- striewe bei Entscheedunge Konsens un
- schaffen zesummen a fërderen de Gemeinschaftsgeescht.
Inhalt / Contenu
- Bilan par cycle
- Austauschmaart vun den Enseignantë/-teë vun den Cyclen 1-4 zu den Themen "Beweegt Léieren", "Gesonde Liewensstil", "Respektvollen Ëmgang mat Ressourcen" an "Schoulsite", déi am Kader vum Schoulentwécklungsplang 2021-2024 ëmgesat goufen. Dës schoulintern a kolleegial Impulser si gekoppelt mam kolleegialen Austausch an erméiglechen et sech aktiv mat den Theme vun der Schoulentwécklung ausenanerzesetzen
- Bilan global et conclusions.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Kuerz Plénière-Momenter
- Brainstorming mat der "Think-Share"-Method
- Reflexiounsphasen a cyclegemëschte Klenggruppen
- Moderatiounsmethod:
* methodesch: sammelen - verdichten - gewiichten - beaarbechten
* inhaltlech: informéieren - beroden - entscheeden.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Françoise Reyter, I-DS
Michel Thilgen, I-CN
Remarques / Anmerkung
D'Participantë/-teë, déi Material vun hiren Aktivitéite weisen, sollen déi am Hall oder engem Klassesall um 1. Stack vun der Schoul ausstellen.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 21 novembre 2023 de 13 à 16 heures |
Lieu : | Ecole fondamentale de Koerich - Schoul Käerch - Hall, 1er étage |
Nombre max. de participants : | 30 |
Places disponibles : | 12 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif de l'EF Koerich |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Laurent Zimmer – laurent.zimmer@education.lu |