Digital Sciences op 6e – Aféierung an d'Léiersequenze vun de sechs Themeberäicher – Axe thématique 6: Eng Maschinn, méi schlau wéi ech – gëtt et dat?
(Code : D6-f-11)
Kontext / Contexte
Vun der Rentrée 2022-2023 un gëtt dat neit Fach Digital Sciences an all de Lycéeën uechter d'Land agefouert. Enseignanten/-teën aus ënnerschiddleche Fächer si bereet, déi Jonk dobäi z'ënnerstëtzen an an hire Klassen digital Kompetenzen z'entwéckelen. Et geet fir d'éischt dorëm, an Inhalter a Sujeten anzeféieren, duerno déi noutwenneg technesch Capacitéiten dozou ze vermëttelen, fir dann d'Schüler/-innen duerch Reflexioun bei der Verfestegung vun hirer eegener digitaler Identitéit ze begleeden. An deem Sënn gëtt bei der Rentrée 23-24 dat neit Fach an de Programm vun de 7e - a 6e-Klassen integréiert.
Änlech wéi beim Coding am Enseignement fondamental sinn och d'Digital Sciences een neie Moment an der Schoulkarriär vun den Enseignanten/-teën. Dofir bitt dës Formatioun een detailléierten Abléck an d'Léiersequenze vun de sechs Themeberäicher vun den Digital Sciences a weist, wéi déi nei Inhalter innovativ evaluéiert gi kënnen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- den Detail vun de Léiersequenze vun den eenzelen Themeberäicher
- d'Ofgrenzung vun den Digital Sciences par Rapport zum Fach Informatik
- innovativ Methode wéi d'Léiersequenzen an de sechs Themeberäicher evaluéiert gi kënnen
- berufflech a perséinlech Capacitéiten, déi duerch d'Digital Sciences opgebaut gi kënnen.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- d'Kompetenzen, déi am Kader vun den Digital Sciences opgebaut ginn, verstanen ze hunn an unzewennen
- dës Kompetenze par Rapport zum Kodéieren, Computational Thinking an der Mediebildung anzeuerdnen
- verstanen ze hunn, op wat et an den Digital Sciences ukënnt
- déi sechs Themeberäicher mat de Jonken ëmzesetzen
- innovativ Evaluatiounsmethoden unzewennen.
Haltung
D'Participanten/-teëm:
- reflektéieren hir Roll bei der Vermëttlung vun den dräi Pilieren "savoir", "savoir-faire" a "savoir-être"
- reflektéieren de Stellewäert vum neie Fach par Rapport zum Liewensalldag an dem Privatliewe vun de Jonken.
Inhalt / Contenu
Classe de 6e, Axe thématique 6 : Eng Maschinn, méi schlau wéi ech – gëtt et dat?
Consulter les ressources pédagogiques sur Pearltrees (Manuels, Digital Sciences - Maître)
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Theoreteschen Input
- Austausch am Grupp
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Claire Flammang, professeure, coordinatrice de projet au SCRIPT – Division Inno
Linda Hannen, LESC, GT Digital Sciences - SCRIPT – Division Inno
Angie Schaul, LESC, GT Digital Sciences - SCRIPT – Division Inno
Julie Bock, LTA, GT Digital Sciences - SCRIPT – Division Inno
Remarques / Anmerkung
Pour la formation sur MS Teams, une connexion Microsoft Teams, un microphone et une caméra sont indispensables pour participer à cette formation (PC ou ordinateur portable, pas d'iPad ni de smartphone). Vous serez ajouté/e à votre groupe dans Teams un jour ouvrable avant la première séance. Si possible, veuillez vous connecter à MS Teams 5 minutes avant le début du webinaire.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le lundi 29 janvier 2024 de 17 à 19 heures |
Lieu : | Formation en ligne sur Teams |
Nombre max. de participants : | 50 |
Places disponibles : | 35 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois (français et / ou allemand au besoin) |
---|---|
Informations : | Claire Flammang - claire.flammang@men.lu |
Organisation : | Formation organisée en coopération avec la Division Innovation du SCRIPT |