De schoulinterne SharePoint vun der Schoul "An der Dällt"
(Code : D6-b-05-EF-Munsbach)
Kontext / Contexte
Dës Formatioun riicht sech un all Enseignanten aus der Schoul "An der Dällt" Schuttrange, déi gäre mam SharePoint schaffe wëllen. Mir wäerten déi wichtegst Funktiounen diskutéieren, wéi z.B. d’Rop- an d’Roflueden, d’Organiséieren, d’Deelen an d‘Editéiere vun Dateien.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participante kennen:
- de schoulinterne SharePoint a seng Struktur
- Methoden, dëse SharePoint an der Unterrechtsvirbereedung, an der Zesummenaarbecht ënner Enseignanten, resp. am Unterrecht mat de Schüler/-innen, sënnvoll anzesetzen
Kënnen
D’Participanten si fäeg:
- sech an den Office 365 anzeloggen
- sech am schoulinterne SharePoint rëmzefannen
- Fichieren an Dossieren am schoulinterne SharePoint rop- an rofzelueden, ze läschen, ze organiséieren, ëmzebenennen an ze beaarbechten
- Fichieren an Dossieren am schoulinterne SharePoint mat anere Leit ze deelen
- den Accès vun Dateien/Dossieren am schoulinterne SharePoint ze geréieren
- kollaborativ mat aneren Enseignanten am SharePoint ze schaffen an ze kommunizéieren
Inhalt / Contenu
Dës Formatioun fokusséiert sech op d’Stockéieren, d’Organiséieren an op d’Strukturéiren vum kollaborative SharePoint, deen déi ganz Schoul soll benotzen. Et gëtt gewisen wéi een Dateien/Dossieren mat anere Leit op verschidden Art a Weisen deelen an den Accès dovu geréiere kann.
Zil vun dëser Formatioun ass, dass, duerch d’Notzung vum SharePoint, d‘Equipe méi staark kommunizéiert an zesummen um Etabléieren a Geréieren vun engem Stock u Léiermaterial a vun enger Mediathéik schafft, dat ganzt op enger Plattform déi schouleegen an -intern opgebaut gouf. Dësen interaktive Workshop soll de Participanten erméiglechen, kuerzfristeg no der Formatioun dat Geléiert an d’Praxis ëmzesetzen a kollaborativ um Sharepoint ze schaffen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Präsentatioun an Demonstratioun
- praktesch Aarbechten
- Diskussioun
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Sid Mysore, Edutec
Remarques / Anmerkung
De Participant muss säi Login fir den Office 365 kennen.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 7 novembre 2023 de 12.30 à 15.30 heures (C2-4) |
Lieu : | Ecole fondamentale de Schuttrange - An der Dällt |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 6 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 9 novembre 2023 de 14 à 17 heures (C1) |
Lieu : | Ecole fondamentale de Schuttrange - An der Dällt |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 5 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe C
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 14 novembre 2023 de 13.30 à 16.30 (C2-4) |
Lieu : | Ecole fondamentale de Schuttrange - An der Dällt |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 5 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif de l'école fondamentale de Munsbach (An der Dällt)Groupes A et C: Cycles 2-4Groupe B: Cycle 1 |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Steve Juchemes - steve.juchemes@ifen.lu; Joëlle Max - joelle.max@education.lu |