Déi nei Orthografiesreform aus dem Joer 2019 am Lëtzebuergeschen: E graffen Iwwerbléck iwwert d'Ännerungen
(Code : D1-b-45-ES-LGK)
Kontext / Contexte
Am November 2019 gouf et eng Aktualiséierung vum Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Orthografie. An dëser Formatioun soll e kuerzen Iwwerbléck gi ginn, wat konkret geännert huet.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- déi nei Ännerungen, déi a Kraaft getruede sinn
- iwwerflächlech Erklärungen, wisou déi nei Orthografie esou ugewannt gëtt.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- déi nei Lëtzebuerger Orthografie ze benotzen an ëmzesetzen
- an engem Reegelwierk séier nozeschloen.
Haltung
D'Participantë/-teë :
- si bereet, bei interaktive Methode matzemaachen
- sinn an der Lag, kritesch Froen ze stellen.
Inhalt / Contenu
Et gëtt en Iwwerbléck gewisen, wat d'Ännerunge vun der Lëtzebuerger Orthografie betrëfft. Dës betrëfft d'Vokaler, d'Konsonanten, d'n-Reegel, d'Verben, d'Friemwierder, d'Getrennt- an Zesummeschreiwung, d'Grouss- a Klengschreiwung an d'Interpunktioun.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Déi eenzel Ännerunge gi kuerz virgestallt a mat Hëllef vu konkrete Beispiller erkläert. Mat Hëllef vun Exercicer sollen déi eenzel Ännerungen trainéiert ginn.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Sascha Plévin. professeur d'allemand et de luxembourgeois, Miami University Luxembourg
Remarques / Anmerkung
D'Participantë/-teë brauchen e Smartphone oder eng Tablette, well mat interaktive digitale Medien ewéi Kahoot, Mentimeter asw. geschafft gëtt. D'Participantë/-teë solle minimal Kenntnësser iwwer déi al Lëtzebuerger Orthografie hunn, well an dëser Formatioun just op d'Ännerungen agaange gëtt. Dës Formatioun ass keng Aféierung an déi allgemeng Lëtzebuerger Orthografie.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 9 novembre 2023 de 15 à 18 heures |
Lieu : | Lycée Guillaume Kroll - Salle E106 |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 10 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social du LGK |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Valérie Hendrickx - valerie.hendrickx@education.lu |