Mätschen, Drätschen a Formen aus Leem
(Code : D3-a-22)
Kontext / Contexte
Ënnert deem selwechten Titel bidde mir zu Téiteng am Musée Ferrum e Kanneratelier fir Schoulklasse vum C1 bis C4 un. Entdeck, genee wéi d’Kanner, eise Musée, d’Artefakten zum Thema, a probéier dës ural Technik selwer aus. Am Laf vun deenen zwee leschte Jore konnte mir vill Erfarunge mat Kanner vun al Alter sammlen. Si waren all begeeschtert a voller Stolz eppes Eenzegaarteges mat hieren Hänn gestalt ze hunn. Mam Leem ka jiddereen kreativ ginn a jiddereen huet en Erfollegserliefnes. Vill Léierpersonal huet eis erzielt, datt si en Uewen an der Schoul hunn, awer kee méi esou richteg weess, wéi e genotzt gëtt. Mir weisen dir op wat’s du muss oppassen a wéi’s du ouni vill Opwand mat der Matière Leem mat denger Schoulklass schaffe kanns.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen:
Du kenns:
- d‘ Material a d‘Geschier wat néideg ass fir mam Leem ze schaffen. Du léiers och wat’s du selwer oder mat de Kanner Geschier maache kanns.
- déi verschidden Zorte Leem, Engoben a Glasuren a wéi’s du am Uewen däin Objet brenne kanns.
- verschidden Techniken: Daumendrocktechnik , Plackentechnik, Wulsttechnik, Ofdrocktechnik.
- déi wichteg Reegelen, déi mussen agehale ginn, fir datt den Asaz vum Leem en Erfolleg gëtt.
- vill Beispiller vu Kannerproduktiounen als Inspiratioun
- d‘ Keramik am Laf vun der Geschicht a Fondstécker an eisem Musée
Fäegkeeten:
No der Formatioun, solls du selwer mat denger Klass am Leem schaffe kënnen:
- Du weess dann, wéi d’Aarbechtsplaz vun all Schüler ausgesi soll (Geschier, Leem,..)
- Du kriss eng Idee, wéi zäitopwänneg dëst Material ass (Drëchephase, Schrühbrand, Glasur, 2. Brand)
- Du kriss Ideen, wat’s du als Thema vun der Gestaltung huele kanns oder wéi’s du d’Kanner selwer kreativ gi loosse kanns.
Haltung:
Duerch selwer probéieren op Problemer opmierksam ginn. Duerch d’selwer probéieren erausfannen, wat fir onendlech Méiglechkeeten et gi fir mat Leem kreativ ze sinn.
Wann’s du schonn Erfarunge gesammelt hues, kanns du gäre Beispiller aus denger Praxis matbréngen.
Inhalt / Contenu
1. Deel: 4 Stonnen: Material, Leemzorte a verschidden Opbautechnike kenne léieren a virun allem ausprobéieren.
2. Deel: 4 Stonnen: Glaséieren, Uewen araumen an umaachen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Duerch selwer probéieren op Problemer opmierksam ginn. Duerch d’selwer probéieren erausfannen, wat fir onendlech Méiglechkeeten et gi fir mat Leem kreativ ze sinn. Wann’s du schonn Erfarunge gesammelt hues, kanns du gäre Beispiller aus denger Praxis matbréngen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Annick Sinner, Leiterin der pädagogischen Workshops im Musée Ferrum
Marc Schaack, Dr. phil., Leiter der pädagogischen Workshops im Musée Ferrum
Remarques / Anmerkung
Kleeder undoe, déi kënne knaschteg ginn. Schiedeger, Geschier, Leem hu mir am Musée.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les mardis 6 février et 12 mars 2024 de 14 à 18 heures |
Lieu : | Musée FERRUM - Salle multifonctionnelle |
Nombre max. de participants : | 12 |
Places disponibles : | 2 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif Personnel dirigeant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le musée FERRUM |