Lëtzebuergesch als Friemsprooch enseignéieren
(Code : D1-a-25-EF-ES-ISML)
Kontext / Contexte
An enger internationaler Schoul, wou déi éischt Sprooch Englesch ass, muss Lëtzebuergesch als Friemsprooch enseignéiert ginn.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- verschidde Léiermethoden a Strategien
- pedagogesch Ressourcen, déi am Cours agesat ginn.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- pedagogesch Kompetenzen z'entwéckelen, andeems mat verschidde Léiermethoden a Strategien experimentéiert gëtt
- kritesch iwwert seng eege Methoden ze reflektéieren.
Haltung
D'Participanten/-teën:
- sinn oppe si fir nei Iddien a Virschléi
- stäerken hiert berufflecht Engagement, andeems an engem Team interaktiv zesummegeschafft gëtt.
Inhalt / Contenu
- Léiermethoden an Approche: Diskussioun vu verschiddene Methoden an Approchë fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch z'enseignéieren
- Differenzéierung am Cours: Deeele vu Strategië fir de Cours unzepassen op Basis vun den individuellen Bedierfnesser a Fäegkeetsniveauen vun de Schüler/-innen
- Metareflexioun: Reflexioun zu Léiermethoden ënnert den Enseignanten/-teën, dëst erlaabt deenen Eenzelen hir Erfarung ze deelen an sech dozou auszetauschen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Interaktiv Methoden an Approchen
- Gruppenaarbecht
- Austausch ënnert Enseignanten/-teën
- Metareflexioun.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Shari Schenten, Lëtzebuergesch Enseignante, LMA
Remarques / Anmerkung
Viraussetzung: Lëtzebuergesch schwätzen, liesen a schreiwen.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les mardis 3 octobre et 7 novembre 2023 de 13 à 15 heures |
Lieu : | International School Michel Lucius - A1.24 (Language room) |
Nombre max. de participants : | 12 |
Places disponibles : | 2 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | enseignant/e/s de luxembourgeois de l'ISML |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Laurence Meres - laurence.meres@education.lu, Tanja Metzdorf - tatiana.metzdorf@education.lu |