Digital Spiller entwéckelen - kannerliicht!
(Code : D6-c-28-EF-Dir14)
Kontext / Contexte
Videospiller si scho laang net méi aus eiser Kultur ewech ze denken. Se sinn effikass an interaktiv Medien, fir Geschichten ze erzielen an ze erliewen, se fërderen d’sozial Kompetenzen, d’Kreativitéit, d’kritescht Denken a villes méi. Och an der Schoul sollten si hir Platz fannen, well si bidden hei eng Rei Asazméiglechkeeten, déi eisen Unterrecht beräichere kënnen. Entdeckt an dëser Fortbildung, wéi dir interaktiv Geschichten, a Form vun engem Spill, ganz einfach mat äre Schüler/-inne erstelle kënnt.
Léiert de Programm "Bloxels" kennen a profitéiert dovun, an d’Roll vun Äre Schüler ze schlüpfen a ganz aktiv a kreativ den Tool ze exploréieren. Erlieft selwer, wéi eng verschidde Kompetenzen duerch d’Entwéckele vun engem digitale Spill kënne gefërdert ginn.
Doriwwer eraus kritt dir hei och d’Méiglechkeet, eng eegen Aktivitéit ze plangen an an Ärer Klass ëmzesetzen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
d'Participanten kennen:
- d'Basisfunktiounen vun der Applikatioun "Bloxels"
- pädagogesch wertvoll Definitioun vum Spillen
- den Opbau vun engem einfachen Spill
Fäegkeeten
D' Participante kënnen:
- mat hirer Klass e Spill plangen
- mat hirer Klass e Spill entwécklen
Haltung
d'Participanten:
- erkennen d'Potential vu Spiller am pädagogesche Kontext
- sinn oppe fir nei Léiermethoden
- reflektéieren hir Unterrechtspraxis.
Inhalt / Contenu
Deel 1:
- Input: Theorie vum Spill
- Hands-on Workshop:
- "Bloxels" entdecken
- Spill plangen
- Spill entwécklen + testen
Deel 2: 16h00 - 16h30
- Klassenaktivitéit plangen ("Grobplanung")
- Feedbackronn
No der Formatioun plangt dir är eege kleng Aktivitéit a setzt dës an der Klass em. (Falls gewënscht mat Begleedung)
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Theorieinput (Definitioun vum Spill)
- hands-on Aktivitéiten
- praktesch Ëmsetzung an der Klass
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Marc Kremer, Instituteur spécialisé en compétences numériques
Michel Thilgen, Instituteur spécialisé en compétences numériques
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 26 octobre 2023 de 13.30 à 16.30 heures travail individuel en classe entre le 26 octobre et le 21 décembre 2023 (2 heures) |
Lieu : | Ecole fondamentale d'Ettelbruck - Maria Thérèse - à définir |
Nombre max. de participants : | 12 |
Places disponibles : | 3 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant des cylcles 2 à 4 de la direction régionale de Diekrich - Dir14 |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Ben Angelsberg - ben.angelsberg@education.lu |