Sprooch a Literatur zu Lëtzebuerg: Ablécker an déi aktuell Fuerschung vum Institut fir Luxemburgistik
(Code : D1-b-36)
Zielsetzung / Objectifs
Savoirs
Les participant/e/s connaissent :
- la langue luxembourgeoise, particulièrement dans une perspective sociolinguistique et historique
- le luxembourgeois à l’heure des échanges numériques
- représentations du champ littéraire dans des textes d’auteur/e/s luxembourgeois/e.s/
- éléments de la culture et du patrimoine linguistique du Luxembourg.
Savoir-faire
Les participant/e/s sont capables de :
- analyser des représentations littéraires
- être attentifs/-tives aux enjeux politiques des phénomènes linguistiques
- (re-)connaître leur environnement linguistique et culturel.
Attitudes
Les participant/e/s sont amené/e/s à :
- prendre conscience des évolutions linguistiques et culturelles au Luxembourg
- porter un regard critique sur des récents phénomènes regardant la langue, la littérature, les médias et la culture.
Inhalt / Contenu
Programm:
*16.10.2023
Fernand Fehlen: Zweesproocheg, dräisproocheg … Wie bitt méi?
- Den 1. Juli 2023 gëtt d’Lëtzebuergescht a gläichzäiteg och d’Dräisproochegkeet an d’Verfassung ageschriwwen. De Virtrag erzielt dee laange Wee vun 1839, wéi dee franséischsproochegen Deel vum Grand-Duché eng belsch Provënz ginn ass, bis haut. Firwat ass d’Gläichberechtegung vum Franséischen a vum Däitschen, wéi se säit 1848 an der Verfassung stoung, no 100 Joer nees ofgeschaf ginn? Firwat ass d’Dräisproochegkeet, wéi se elo an der Verfassung steet, eigentlech scho vun der Realitéit iwwerholl?
*06.11.2023
Christoph Purschke: Diskurs-Figuren: Wéi Politik an Ëffentlechkeet iwwer Sprooch schwätzen
- D'Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg ass ëmmer erëm ee prominente Sujet an der ëffentlecher Diskussioun, sief et am Kader vu Berichterstattung an de Medien, politesche Promotiounscampagnen oder privaten Diskussiounen an de soziale Medien. Oft gëtt an dëse Kontexter net just iwwer d'Sproochen am Land geschwat, mee och iwwer Integratioun, Wirtschaftswuesstem oder eng national Identitéit. Op der Basis vu Beispiller aus deene leschten 10 Jore gëtt an dësem Virtrag gewisen, wéi ee kann esou Diskussioune linguistesch analyséieren, wat fir zentral sproochlech Biller d'Sproochendiskussioun strukturéieren a wat dat iwwer dat kulturellt Selbstverständnes zu Lëtzebuerg ausseet.
*27.11.2023
Caroline Döhmer: Wéi schreift een eng aktuell Lëtzebuerger Grammaire?
- Eng Grammaire ass eng Textzort, mat där déi meescht Leit just dann a Kontakt kommen, wann se eng nei Sprooch léieren. Dëse Virtrag dréit sech ëm den Opbau vun enger grammatescher Beschreiwung vum Lëtzebuergeschen – mat ganz ville lëtzebuergesche Beispiller a Kuriositéiten. Dobäi soll gekuckt ginn, wat an deene leschten 150 Joer publizéiert gouf, wéi ee sech hautzudaags mat grammatesche Phenomeener auserneesetzt an op wéi eng Sourcen een dofir zeréckgräift.
*18.12.2023
Peter Gilles: De Variatiounsatlas vum Lëtzebuergeschen
- Am Virtrag gëtt en neien Atlas vum Lëtzebuergesche presentéiert, an deem d’Variatioun am Vierdergrond steet: Wéi manifestéieren sech z.B. d’Dialekter am Land? D’Variatioun vum Lëtzebuergeschen haut ass awer net nëmmen op regional Facteuren zeréckzeféieren. De Virtrag geet och drop an, wéi sech de Kontakt mam Däitschen a Franséischen auswierkt.
*15.01.2024
Melissa Mujkic: Digital Jugendkommunikatioun zu Lëtzebuerg
- Dëse Virtrag gëtt éischt Ablécker an d’digital Jugendkommunikatioun zu Lëtzebuerg. Unhand vun engem selwer opgebaute WhatsApp-Korpus gëtt déi aktuell Jugendsprooch erfuerscht. Dobäi ginn ënnerschiddlech linguistesch Gebrauchsmuster korpusbaséiert analyséiert, dorënner Variatiounsstrukturen, kreativ an innovativ Schreifregësteren, potenziell Jugendwierder avm.
*26.02.2024
Cosimo D. Suglia: David a Goliath: Kleng Weltliteratur Lëtzebuerg?
- D’Weltliteratur gëtt duerch Literaturen definéiert, déi ausserhalb vun hire Grenzen zirkuléieren. Am Verglach mat anere klenge Literature géif sech duerch déi scho bal kosmopolitesch a sproochlech Situatioun d’Lëtzebuerger Literatur an der Weltliteratur gutt maachen, oder éischter net? Dëse Virtrag positionéiert den zäitgenëssesche Lëtzebuerger Roman an d’Feld vun der Weltliteratur a geheit esou nei Froen am Bezuch zu dëser op.
*25.03.2024
Lou Pepin: Sproochastellunge vu Grenzgänger*innen zu Lëtzebuerg
- All Dag pendelen ëm déi 200.000 Grenzgänger*innen aus der Groussregioun op Lëtzebuerg fir ze schaffen. Dobäi spillt Sprooch an der alldeeglecher Kommunikatioun a fir tëschemënschlech Bezéiungen eng wichteg Roll. Et stellt sech net nëmmen d’Fro, wéi Grenzgänger*innen déi eenzel Sproochen, mee och eis méisproocheg Gesellschaft an de sproochlechen Ëmgang mat hinne wouerhuelen. Dëse Virtrag beliicht de Phänomeen Sproochastellungen an hir sozial Relevanz. Donieft ginn éischt Resultater aus Lëtzebuerg virgestallt.
*22.04.2024
Melanie Wagner: Sproochpolitik zu Lëtzebuerg
- D’Sproochpolitik zu Lëtzebuerg ass e Sujet, deen ëmmer erëm op sëllege Plazen a vun de verschiddensten Acteuren diskutéiert gëtt. Déi méisproocheg Situatioun zu Lëtzebuerg féiert dozou, datt de Sproochgebrauch an den ënnerschiddlechste Beräicher, sief et op der Schaff, der Schoul, de Medien oder souguer doheem, gereegelt gëtt. Dëse Virtrag beliicht verschidde Facettë vu Sproochpolitik zu Lëtzebuerg a weist, wéi erfollegräich oder och net dës ka sinn.
*13.05.2024
Jacques Spedener: Code-Switching am Lëtzebuergeschen
- Lëtzebuerg zeechent sech duerch eng historesch gewuesse Méisproochegkeet aus. Dëst féiert dozou, datt Spriecher*innen an hirer Kommunikatioun méi ewéi eng Sprooch benotzen a souguer an engem Gespréich tëscht méi Sproochen hin- an hierwiessele kënnen, wat an der Sproochwëssenschaft ëfters als „Code-Switching“ bezeechent gëtt. Meng Presentatioun, déi besonnesch computermediéiert Kommunikatioun betruecht, konzentréiert sech op dräi W-Froen: Wéi, wéini a wou gëtt Code-Switching vu lëtzebuergesche Spriecher*inne benotzt?
*10.06.2024
Jeanne E. Glesener: Lëtzebuerger Literatur am ëffentleche Raum
- D‘Presenz vun der Literatur am ëffentleche Raum seet vill iwwert hir Plaz an der Gesellschaft aus. Grad fir d‘Lëtzebuerger Literatur, déi beim grousse Public manner bekannt ass, stellt sech d‘Fro, wat fir eng Roll a Funktioun hir am ëffentleche Raum zougeschriwwe gëtt. An engem Tour duerch d‘Lëtzebuerger Literatur zënter dem 20. Joerhonnert wäerte mir äis dës Bezéiung méi genau ukucken. An engem weidere Schratt wäerte mir op den Engagement vun der Literatur géint d’Zerstéierung vun historesch wichtege Bauten am ëffentleche Raum agoen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Cycle de conférences sur la recherche littéraire et linguistique au Luxembourg.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Dr Fernand Fehlen, Université du Luxembourg
Prof Dr Christoph Purschke, Université du Luxembourg
Dr Caroline Döhmer, Université du Luxembourg
Prof Dr Peter Gilles, Université du Luxembourg
Melissa Mujik, Université du Luxembourg
Cosimo D. Suglia, Université du Luxembourg
Dr Melanie Wagner, Université du Luxembourg
Jacques Spedener, Université du Luxembourg
Prof Dr Jeanne E. Glesener, Université du Luxembourg
Lou Pepin, Université du Luxembourg
Remarques / Anmerkung
Inscription obligatoire pour une séance au choix auprès de Mélanie Wagner - melanie.wagner@uni.lu.
Vous êtes libre de choisir la/les séance/s qui vous conviennent.
Après inscription, tous les informations seront communiqué aux participant/e/s.
Pour plus d'informations : https://infolux.uni.lu/
Tarifs par séance :
11€ tarif normal
5,50€ tarif jeunes
1,50€ Kulturpass
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les lundis 16 octobre, 6 novembre, 27 novembre, 18 décembre 2023, 15 janvier, 26 février, 25 mars, 22 avril, 13 mai et 10 juin 2024 de 19 à 21 heures |
Lieu : | Centre des Arts Pluriels |
Nombre max. de participants : | 50 |
Places disponibles : | 50 |
Statut de la formation : | Inscriptions auprès de l'institution organisatrice |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes [EM] Enseignement musical (conservatoires et écoles de musique communales) [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif Personnel dirigeant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant de langues et personnes s'intéressant aux langues, à la culture et aux médias |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgoise |
---|---|
Informations : | Jeanne E. Glesener - jeanne.glesener@uni.lu Ines Neff - ines.neff@cape.lu |
Organisation : | organisée par l' Institut de langue et de littératures luxembourgeoises - Centre des Arts pluriels Ettelbruck |