Entscheedungen am Team treffen, gemeinsam Ziler erstellen
(Code : A-b-12-EF-Weilerbach)
Kontext / Contexte
D'Liewe vum Konzept "Zesummen an an der Diversitéit gi mer an déi selwecht Richtung" vum CSAE/SEAI Weilerbaach stellt opgrond vu verännerte Rahmebedingungen eng grouss Erausfuerderung duer. Véier Themefelder (Beweegte Schoul - gemeinsam Reegele CSAE/SEAI - gemeinsam Raumnotzung CSAE/SEAI - Elterenaarbecht) si festgehale ginn, déi an Zukunft am Mëttelpunkt vun de Reflektiounen, den Aktiounen an den Entscheedunge vum CSAE/SEAI Weilerbaach stinn.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- den Ënnerscheed tëscht der Alldagspraxis a strategescher Entwécklungsaarbecht
- den Ënnerscheed tëscht Ziler a Moossnamen.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- zesumme SMART Ziler ze formuléieren
- zesummen Aktiounspläng fir d'Erreeche vun den Ziler opzestellen.
Haltung
D'Participantë/-teë:
- erkennen déi participativ Gestaltung vu Schoulentwécklung als Gewënn fir déi ganz CSAE/SEAI-Gemeinschaft
- iwwerhuelen zesumme Verantwortung fir d'Ëmsetzung vun hirem Konzept
Inhalt / Contenu
- Kuerzen theoreteschen Input zu "Beweegte Schoul"
- Bestandsopnam zu deene véier verschiddenen Themen am de Beräicher CSAE an SEAI
- Pisten a Stolpersténg identifizéieren
- Prioriséierung a Prioritéite festhalen
- SMART Ziler formuléieren.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Moderatiounsmethod:
- methodesch: sammelen - verdichten - gewiichten - beschaffen
- inhaltlech: informéieren, beroden, entscheeden
- Wiessel vu Plenumsphasen, Eenzelaarbecht an Aarbecht a Klénggruppen
- Teambuilding-Aktivitéiten
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Françoise Reyter, I-DS
Josiane Molitor, I-DS
Ronny Rommes, I-DS
Véronique Schmitz, I-DS
Sven Fournelle, I-CN
Max Pesch, encadrement pédagogique Groupe - CSAE
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 14 septembre 2023 de 8.30 à 12 et de 13 à 16 heures |
Lieu : | Centre Service National de la Jeunesse - Marienthal - affichage sur place |
Nombre max. de participants : | 25 |
Places disponibles : | 3 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social des CSAE/SEAI Weilerbaach |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Manon Trombini - manon.trombini@education.lu |
Organisation : | IFEN, CSAE/SEAI |