MO: Sech weider forméieren a seng Experienz validéieren. Fokus op d'Erwuessebildung an d'Validation des acquis zu Lëtzebuerg
(Code : B2-k-18)
Kontext / Contexte
Dës Formatioun ass Deel vun enger Serie vu Formatioune fir Mataarbechter vun der Maison de l'orientation (MO), déi an der Maison de l'orientation stattfannen.
Fir datt och Acteuren aus de Lycéeë vun der Offer a vun der Vernetzung mat Experten/-innnen aus der MO profitéiere kënnen, gëtt ee Kontingent u Plazen iwwer den IFEN fir d'Membere vun de Cellules d'orientation an aner interesséiert Membere vum Schoulpersonal ugebueden.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-tëe kennen:
- déi wichtegst Offere fir Erwuessebildung a Validation des acquis de l'expérience (VAE) zu Lëtzebuerg
- aktuell Entwécklungen a Prioritéiten an der Erwuessebildung
- d'Critères d'accès fir déi verschidden Offere vun der Erwuessebildung a fir d'VAE
- d'Haaptetappe vun der VAE an déi verfügbar Qualifikatiounen
- d'Berodungsméiglechkeete fir Erwuessener.
Fäegkeeten
D'Participantë/-tëe si capabel:
- hir Zilgrupp a Berodungsgespréicher iwwer déi virgestallten Offeren z'informéieren a mat hinne gëeegent Bildungsweeër z'exploréieren
- hirer Zilgrupp allgemeng Informatioun iwwer d'VAE ze ginn a si iwwer d'Viraussetzungen an Ufuerderunge vun dësem Prozess opzeklären.
Haltung
D'Participanten/-tëen entwéckelen e Verständnis vun de verschidde Liewenssituatiounen a Besoine vun deenen ënnerschiddlechen Zilgruppe vun der Erwuessebildung a VAE.
Inhalt / Contenu
D'Erwuessebildung an d'Valorisatioun vu Wëssen an Erfarungen – wéi huet sech de Secteur vun der Aus- a Weiderbildung a vun der Unerkennung vu Wëssen zu Lëtzebuerg iwwert déi lescht Joren entwéckelt? Wéi kann ee sech ugëeegent Wëssen an Erfarungen duerch eng offiziell Qualifikatioun unerkenne loossen? Wéi eng nei Offere ginn et an der Erwuessebildung a wat sinn d'Viraussetzunge fir eng VAE Prozedur anzeleeden?
Fir op dës Froen anzegoen an de Beroder/-innen aus der MO an Orienteuren aus de Lycéeën ëmfaassend Äntwerten op hir Froen ze ginn, gëtt dës Formatioun zesumme mat der Cellule VAE vum Service de la formation professionnelle a mam Service de la formation des adultes organiséiert. D'Participantë/-tëe sinn häerzlech invitéiert, Froen zu hiren eegene Fäll matzebréngen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Virtrag an Austausch an engem interaktiven Kader.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Caroline Berscheid, coordinatrice VAE am Service de la Formation professionnelle
Minela Ahmeti, responsable, conseillère en formation am Service de la Formation des adultes
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 12 octobre 2023 de 9 à 12 heures |
Lieu : | Maison de l'Orientation - Luxembourg - affichage sur place |
Nombre max. de participants : | 8 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation annulée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | membres des cellules d'orientation, personnel enseignant, éducatif et psycho-social impliqué dans le processus d'orientation |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Franziska Rieder - franziska.rieder@m-o.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le Service de coordination de la Maison de l'orientation et le Service de la formation des adultes |