Grondschoulbibliothéiken : Echange - Suite - Brouch
(Code : D1-d-06-A)
Kontext / Contexte
No 2 Treffen am Fréijoer 2023, déi den Ufank vun engem konkreten Echange tëscht Schoulbibliothecairen aus der Grondschoul waren, geet et drëm dësen Austausch weiderzeféieren an nohalteg ze gestalten.
Duerfir sënn 3 Treffe vu Schoulbibliothecairen am Schouljoer 2023-2024 an enger Grondschoulbibliothéik virgesinn.
• Treffen : 24.10.23 : Bibliothéiksalldag / Aarbechtsorganisatioun
• Treffen : 06.02.24 : Schoulbibliothéiksaarbecht am Cycle 1 (dëst Treffen ass zu Walfer am IFEN)
• Treffen : 23.05.24 : Virliesen an aner Aktivitéiten
Dës Treffen sënn onofhängeg vuneneen an hu jeeweils aner Akzenter a en eegene Code. Et muss een sech also separat fir en eenzelt Treffen umellen. Et muss een sech net fir all Treffen umellen : et sicht een sech dat oder déi Treffen eraus, déi een thematesch intresséieren.
Intresséiert Schoulbibliothecairë kënnen an dësem Echangegrupp e (regelméissegen) Austausch zu Theemen, Froen an Iddien ronderëm de Fonctionnement vu Schoulbibliothéiken hunn.
Et ginn Treffen en presentiel, mee et kënnt och zu enger Austauschplattform op Moodle.
Et soll een eng Décharge fir eng Grondschoulbibliothéik hunn a wgl. nëmmen 1 Participant pro Schoulbibliothéik.
Zielsetzung / Objectifs
Savoirs
D'Particpant/e/n kennen :
- d'Realitéit vun hirer Schoulbibliothéik
- hir Besoine fir Ënnerstëtzung als Schoulbibliothecaire
- flott Approchen an Iddien aus aner Schoulbibliothéiken.
Savoir-faire
D'Participant/e/n kënnen :
- sech iwwert hir Besoinen austauschen
- Léisungen an Approchen aus aner Kontexter op hir Schoulbibliothéik iwwerdroen.
Attitudes
D'Participanten sollen :
- oppe sinn, hir Froen, Besoinen a Léisungsvirschléi ze deelen
- bereet sinn, oppen an ouni Jugement Iddie mat aner Schoulbibliothecaire auszetauschen
- gewëllt sinn, sech gemeinsam a länger dem Thema Schoulbibliothéik ze widmen.
Inhalt / Contenu
Als Suite vum Schoulbibliothéiksdag vun 2022 an den Echangetreffen vum Fréijoer 2023 geet et drëm, en dauerhaften Echange tëscht Grondschoulbibliothéiken a - bibliothecairen opzebauen.
Dëst Treffen de 24.10.23 zu Brouch ass 1 vun 3 méiglechen Treffen.
D’Haaptthema ass : Bibliothéiksalldag / Aarbechtsorganisatioun
Am Ufank vun dësem Treffen stellt d' Schoul vu Brouch hir Schoulbibliothéik vir.
Global geet et drëm, Besoinen ze definéieren, gutt Iddien auszetauschen a praktesch Léisungen ze fannen.
D'Schoulbibliothecaire sollen duerch den Austausch eng Hëllef fir hir Aarbecht um Terrain hunn.
Et geet ëm e bessert Verständnis an eng Optimiséierung vun der Tâche vum Schoulbibliothecaire.
Resultater aus dem Echange sollen duerno allgemeng de Grondschoulbibliothéiken zougänglech gemaach ginn an hinnen notzen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Diskussion an Echange tëscht Participant/e/n
- Presentatioun vun der jeeweileger Schoulbibliothéik, déi Gastgeber fir d'Echangetreffen ass
- Ausbau vun der Moodleplattform (vum Schoulbibliothéiksdag) an Echange
- regelméisseg Treffen (2-3 x d'Joer) jeeweils an enger anerer Schoulbibliothéik
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Anne Biesdorf, institutrice EF, SCRIPT
Anne-Marie Antony, bibliothécaire-documentaliste, SCRIPT
Bibliothéiksgrupp Campus Helperknapp
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 24 octobre 2023 de 14 à 17 heures |
Lieu : | Campus Helperknapp - Schoulbibliothéik |
Nombre max. de participants : | 30 |
Places disponibles : | 3 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | bibliothécaires scolaires de l'EF (avec une décharge bib.) |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le SCRIPT |