Stop-Motion Filmer an der Klass einfach a strukturéiert ëmsetzen
(Code : D6-c-19-EF-Echternach)
Kontext / Contexte
Stop-Motion ass eng einfach Form fir Filmer an der Klass ze erstellen, an deenen d'Schüler/-innen hir eege Geschichten erzielen, oder Erklärvideoen erstelle kënnen.
Dëst ka ganz einfach mam iPad ëmgesat ginn a brauch keng besonnesch Virkenntnisser, weder bei Schüler/innen, nach beim Enseignant,
Et erlaabt, Geschichten ze produzéieren an dobäi kreativ eegen, authentesch Produkter ze erschafen, woubäi een den Accent ganz besonnesch op mëndlech Kompetenze setze kann, wann d'Schüler/-innen hir eege Filmer vertounen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participanteë kennen:
- de Storyboard a wëssen deen ze notzen
- d'Appen Stop-Motion an iMovie
- d'Méiglechkeeten, wat ee mat esou engem Programm an der Klass maachen kann.
Fäegkeeten
D'Participanteë si capabel:
- e Storyboard ze notzen, fir e Stop-Motion-Film ze plangen
- e Stop-Motion-Film mat Hëllef vun der Stop-Motion-App selwer ze produzéieren
- e Film mat iMovie ze vertounen an ze verfeineren
- eng Aktivitéit ze erstellen, wou d'Schüler kreativ ee Film erschafen.
Haltung
D'Participanteë si gewëllt:
- de Stellewäert vum Medienunterrécht an der Grondschoul ze reflektéieren
- geziilt de Stop-Motion an hirer Klass auszeprobéieren
- hiert Wësse mat aneren ze deelen.
Inhalt / Contenu
Unhand vun dëser Formatioun léieren d'Participanten, wéi si e Stop-Motion-Film produzéiere kënnen a wéi si den Transfert an hir Klass maache kënnen.
1. Material a Software
2. Planung a Storyboard
3. Produktioun vun engem Stop-Motion-Film mat Hëllef vun der Stop-Motion-App
4. Asazgebidder an ënnerschiddlech Gebrauchsforme vum Stop-Motion-Film an der Klass
5. Vertounung a Verfeinerung vum Film mat iMovie
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Am grousse Grupp:
- weisen, wat e Stop-Motion-Film ass
- erklären, wéi d'Appen technesch funktionéieren
- Austausch vun Iddien
A klenge Gruppen oder Eenzel:
- Ausprobéieren, wéi ee mat Stop-Motion an iMovie als App schafft
- Ausschaffe vun enger Iddi, déi een an der Klass ëmsetze wert
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Sven Fournelle, Instituteur spécialisé en compétences numériques
Remarques / Anmerkung
Folgend Material mussen d'Patricipanten zur Hand hunn:
- Tablette oder Smartphone mat der Stop-Motion-App a mat iMovie
- Material fir e Stop-Motion-Film ze animéieren (z.B. Bastelmaterial, Lego, Playmobil, Kapla, Baukasten, Déierefiguren...)
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 3 octobre 2023 de 13 à 16 heures travail en classe individuel entre le 27 septembre et le 22 décembre 2023 (2 heures) |
Lieu : | Ecole fondamentale d'Echternach - Millermoaler - à déterminer sur place |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 13 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant de l'école fondamentale d'Echternach (Millermoaler Schull) |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Sally Forthoffer - sally.forthoffer@education.lu |
Organisation : | Sven Fournelle, Instituteur spécialisé en compétences numériques |