ScratchJR - kreativ a pädagogesch
(Code : D6-c-18-EF-Gonderange)
Kontext / Contexte
Duerch d'Aféierung vu Computational Thinking (Coding) an de Klassen, ass jidderengem an der Schoul no a no bewosst ginn, dass mir net derlaanscht kommen, sënnvoll Outilen ze fannen an notzen ze léieren, fir mat de Schüler/-innen dës nei Art a Weis vum Léieren an der Schoul ze implementéieren. D'Schüler/-inne musse léieren, sech auszeprobéieren an net nëmmen einfach alles nomaachen, wéi si et virgewise kruten. Dofir brauch et speziellt Geschier an der Schoul, mat deem esou e Léieren sënnvoll gëtt.
Am selweschte Moment, wou Computational Thinking am Lëtzebuerger Schoulsystem opgetaucht ass, koum och ëmmer méi de Medienunterrécht op: Toun ophuelen, Fotoen maachen, audio-visuell Produkter erstellen, wëssen, wéi een eppes späichert an duerno erëm weise kann - eppes op eng modern Art a Weis erstellen - all dat gouf op eemol wichteg an der Schoul.
ScratchJR ass een Outil, dee ganz villsäiteg ass fir grad dat do op einfach Art a Weis an der Schoul anzesetzen. An deem Punkt setzt dës Formatioun un a bidd Elementer un, déi een net nëmmen an der Formatioun ausprobéiere kann, mee déi een och direkt a senger Klass, mat de Schüler/-innen, ëmsetze kann.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participanteë kennen:
- d'Funktioun ScratchJR
- pädagogesch Ressource fir ScratchJR
- d'Plaz vum Computational Thinking an der Erstellung vun Inhalter am Mediekompass.
Fäegkeeten
D'Participanteë si capabel:
- Aktivitéiten am ScratchJR opzebauen
- hiert Wëssen mat aneren ze deelen
- e Bezuch zum Plan d'études an zum Medienkompass opzebauen.
Haltung
D'Participanteë:
- sinn oppen, fir nei Aktivitéiten auszeprobéieren
- reflektéieren de Stellewäert vum Coding an der Grondschoul.
Inhalt / Contenu
- Opbau vu ScratchJR kenneléieren
- Grondcode kenneléieren
- einfach Algorithmen selwer erstellen
- Benotze vum Moleditor
- Benotze vun der Kamera am ScratchJR
- Toun ophuelen mam Mikro a benotzen am ScratchJR
- onkomplizéiert, bestoend Projekter kenneléieren (Storytelling, einfach Quizen opbauen, einfach Spiller erstellen)
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Reflektioun an Diskussioun vun de gewisenen Aktivitéiten an der grousser Grupp
- Ausprobéieren an Erfuersche vun de Méiglechkeeten, eleng oder a klenge Gruppen
- Plangen vun Unterréchtseenheeten a klenge Gruppen
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Sven Fournelle, instituteur spécialisé en compétences numériques
Remarques / Anmerkung
D'Participanten mussen eng Tablette mat der App "ScratchJR" zur Hand hunn.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 26 septembre 2023 de 13 à 16 heures travail en classe individuel entre le 27 septembre et le 22 décembre 2023 (2 heures) |
Lieu : | Ecole fondamentale de Junglinster - Gonderange - à déterminer sur place |
Nombre max. de participants : | 12 |
Places disponibles : | 2 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif de l'école fondamentale de Gonderange |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Patricia Kayser - patricia.kayser@education.lu |