Eis gebaute Welt: dobausse léieren an d’Welt verbesseren!
(Code : D2-b-37)
Kontext / Contexte
« Eis gebaute Welt » si Missiounen, bei deenen d’Kanner aus dem Fondamental an an un der gebauten Ëmwelt léieren.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Enseignanten/-eën
- hunn allgemeng Kenntnisser a Verständnis vu folgenden Notiounen: „Gebaute Welt“, Architektur
- verstinn de Sënn an de Notze vun der Sensibiliséierung fir di gebaute Welt an der Schoul
- kennen de Konzept, d’Zieler an d’Methodologie vun de pedagogeschen Aktivitéite vum Projet „Eis gebaute Welt“.
Fäegkeeten:
D’Enseignanten/-eën
- kënne Sensibiliséierungsaktivitéite fir di gebaute Welt, am spezifesche Kontext vun hirer Klass, plangen, virbereeden an ëmsetzen
- passen sech klassen- a schülerspezifesche Bedürfnisser un, schaffen differenzéiert a bauen op Virwësse vun hire Schüler/-innen op
- maache Verbindungen tëschent der gebauter Welt an de Schoulfächer (z. B. Mathematik, éveil aux sciences, Sproochen, Konscht, vie et société)
- fërderen an hirer Klass kooperativ Léiersituatioune ronderëm d’Thematik vun der gebauter Welt, der Nohaltegkeet an dem naturinklusiven Design
- reege Reflexioun a Kreativitéit bei hire Schüler/-innen un
- profitéiere vun der Méiglechkeet fir mat Enseignanten/-eën aus anere Schoulen a Regiounen zesummenzeschaffen an en Austauschnetzwierk opzebauen
Haltung
D’Enseignanten/-eën
- kultivéiere Virwëtz fir di gebaute Welt
- werfen en oppenen a kritesche Bléck op di gebaute Welt
- schaffe mat peers zesummen, tauschen sech aus a léiere vuneneen
- reflektéieren hiert Schoulhalen am Kader vun der Sensibiliséierung fir di gebaute Welt an déi nohalteg Entwécklung.
Inhalt / Contenu
Duerch multisensoriel, reflexiv a kreativ Aktivitéiten, ginn déi Jonk an déi verschiddenst Facettë vun der gebaute Welt, där si alldeeglech begéinen, agefouert. D’Zil ass, virwëtzeg ze maachen ob historesch, zäitgenëssesch an zukünfteg Baulechkeeten, an se doduerch als verantwortlech Bierger ze erzéien
D‘pedagogesch Aktivitéite fannen am Klassenzëmmer, dobaussen am Ëmfeld vun der Schoul oder op engem Schoulausfluch, statt. Mir schaffen un Themen ewéi de Kaméidi, d’Natur, d’Waasserbauwierker, d’Mobilitéit a gebauten Utopien
Di gebaute Welt huet vill Potential fir de Léierprozess unzereegen. Engersäits ënnerstëtze Reflexiounen iwwert d’Wahrnehmung, d’Gestaltung an d‘Notzung vun ëffentleche Raim d‘formation à la citoyenneté. Anerersäits erméiglecht d’Erfuersche vu Gebaier an hirer Architektur (z.B. Baumaterialien, Dimensiounen, historesch Mierkmoler, Bautechnik, Materialien) en direkten, erliefbaren Zesummenhang mat Kueren aus dem Schoulprogramm. Beispiller heifir wären den éveil aux sciences, d’Mathematik, d’Sproochen oder d'éducation artistique. All d’Aktivitéiten orientéieren sech un de Prinzippie vun enger nohalteger Entwécklung a naturinklusivem Design
Duerch dës Formatioun kann d‘Léierpersonal vun enger personaliséierter Begleedung bei de Virbereedungen an der Ëmsetzung um Terrain profitéieren. Zousätzlech ass en Austausch mat Läit, déi scho mat hire Klassen Erfarungen an dësem Projet gesammelt hunn, méiglech.Jiddereen, dee matmëcht, ka selwer entscheeden wou hien/hatt wéi eng Missioun(en) ëmsetzt.
Et besteet och d’Méiglechkeet Synergien tëschent Schoulklassen uechtert d’Land opzebauen, z. B. fir en Austausch tëschent Klassen, e gemeinsaamt Fest. Mir interesséieren ons un der gebaute Welt, déi e ganz besonneschen Ausdrock vun der Gesellschaft duerstellt, esouwuel am historeschen an och am aktuelle Kontext. Hei geet et net nëmmen em di bekannten Touristesiten, mee och ëm Plazen, déi op den éischte Bléck villäicht manner an d‘Aa sprangen, ewéi z.B. d‘Südregioun, wou d’Industrialiséierung Spueren hannerlooss huet, déi d’Natur elo zréckeruewert, ewéi an der Minett Unesco Biosphären.Fir unzefänke gëtt dat pedagogescht Konzept virgestallt. Dat speziell heifir konzipéiert didaktescht Material, gëtt als kannergerecht Missiounen zur Sensibiliséierung vun der Architektur an der gebauter Ëmwelt allgemeng beschwat. Jidderee ka sech Gedanken iwwert d‘Emsëtzung a senger Klass maachen, a seng Erwaardungen a Bedürfnisser matdeelen.
Duerno läit de Schwéierpunkt bei der Planung vun der praktescher Ëmsetzung. Fir sech mat de Schülermissioune vertraut ze maachen, probéiere mir selwer verschidden Aktivitéiten aus. D’Zil ass, datt jiddereen zum Schluss heem geet, mat enger konkreter Virstellung, wéi en d‘Missioune mat senger spezifescher Klass ëmsetze kann.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Presentatiounen, Froen-Äntwerten
- Individuell a gemeinsam Reflexiounsaktivitéiten
- Experimentéieren um Terrain
- Analys, Feedback a Evaluatioun
- Austausch- a Netzwierkaarbecht
- Methode fir den Transfer an d‘Praxis.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Martine Bintner, professeures-architectes, Lycée Josy Barthel Mamer, SCRIPT, IFEN
Nadine Brix, professeures-architectes, Lycée Josy Barthel Mamer, SCRIPT, IFEN
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les jeudis 12 octobre, 16 novembre 2023 et 14 mars 2024 de 14.30 à 17.30 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 12 - et lieux extérieurs (à définir) |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation annulée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | Luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |