Wat kënnt, dat geet - Mat Kanner iwwer Krankheet, Stierwen, Doud an Trauer schwätzen / Formatioun fir „Insider"
(Code : A-d-44)
Kontext / Contexte
Krankheet, Liewensenn, Doud a Trauer sinn Themen déi et ganz schéi schwéier hunn, an der Schoul a generell am Liewen. Kee wëll eppes dovu wëssen, kee wëll doriwwer schwätzen, kee wëll dorun denken. Dem Doud geet et wéi allem wat eis onbekannt ass: e mécht eis Angscht. (A wat mir manner driwwer schwätzen, wat en eis méi onheemlech gëtt.) Dofir sollte mir doriwwer schwätzen an eis informéieren. Wëssen hëlleft ze verstoen a manner Angscht ze hunn. Eppes wat ee kennt a wouriwwer ee ka schwätzen ass vill manner bedréckend wéi eppes wou e grousst Geheimnis drëm gemaach gëtt. Well d'Schoul e wichtege Liewensraum fir d'Kand/de Jugendlechen ass, sollten d‘Liewensenn an den Doud och hei gesi ginn. Den Doud ass en Deel vum Liewen. Et ass kee Feeler am System mee vun der Natur geplangt.
Zielsetzung / Objectifs
Wissen
Die Teilnehmer/-innen kennen:
- d‘Gesetzer, déi d’Liewensenn zu Lëtzebuerg reegelen
- d‘Kennzeeche vum Liewensenn
- Hëllefsofferen zu Lëtzebuerg
- Ënnerscheeder an der Trauer bei Erwuessenen a Kanner
- pedagogesch Méiglechkeete fir am Cycle 4 zum Thema Liewensenn ze schaffen
- Literatur zu Liewensenn, Doud an Trauer.
Fähigkeiten
Die Teilnehmer/-innen sind in der Lage:
- Sécherheet am Ëmgang mat Liewensenn, Doud an Trauer auszestralen
- mat de Kanner zu dësem Thema an Interaktioun ze trieden
- Ressourcen ze schafe fir dass d‘Kanner spéider besser mat Verloscht an Trauer ëmgoe kënnen
- op d‘Bedierfnësser a Froe vun de Kanner anzegoen.
Haltung
- reflektéieren hir eegen Haltung zum Thema Liewensenn a kënnen hir Beréierungsängschte vis-à-vis vun dësem Thema iwwerwannen
- kënnen sech, wann néideg, Ënnerstëtzung froen
- ginn dësem sensibelen Thema eng Plaz an der Schoul.
Inhalt / Contenu
Krankheet, Liewensenn an Trauer gehéieren zum Liewen. Awer wéi gi mir domat ëm? A virun allem, wéi schwätze mir doriwwer? Wéi kënne mir an der Schoul oppe mat Kanner a Jugendlechen dëst gesellschaftlecht Tabu-Thema ugoen?
Wéi eng Méiglechkeete ginn et fir mat Kanner am Grondschoulalter iwwer kritesch Situatiounen, iwwer Stierffäll, déi domat verbonne Gefiller an d'Trauer ze schwätzen ouni se domat ze iwwerfuerderen an/oder hinnen ze no ze trieden?
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Virtrag an theoreteschen Input
- praktesch Beispiller
- Reflexioun
- kollegialen Austausch
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Annette Schütz, Léierin, Initiatrice vum Projet „Wat kënnt, dat geet.“ SCRIPT a benevole Mataarbechterin bei Omega 90 an der Begleedung vu Menschen um Liewensenn
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les mardis 16 et 23 janvier 2024 de 14 à 17 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 6 |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 9 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social du cycle 4 & enseignants de la matière VieSo, qui ont déjà participé avec leur classe au projet "Wat kënnt, dat geet." |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le SCRIPT |