Inspiring practice - Sproochfërderung am Cours d'accueil
(Code : D1-c-06)
Kontext / Contexte
Déi grouss Diversitéit am Cours d'accueil (CA) erfuerdert all Dag op e Neits vun iech op ënnerschiddleche Niveauen ze schaffen, är Usäz a Methoden ze adaptéieren. An deem Zesummenhang stellt sech virun allem d'Fro, wéi ee Kanner ka sproochlech fit maachen, déi nei an eng Sprooch eraklammen? Wéi kann een d'Sprooch bei hinnen erauskëddelen?
Fir iech bei dësen alldeeglechen Erausfuerderungen ze ënnerstëtzen, gräift dësen éischten Austausch tëschent den Titulaire vum CA d'Thematik vun der Sproochfërderung an engem méisproochege Kontext op. Mat hëllef vu konkrete Situatiounen, Sproochspiller, Materialien, asw. gi mir zesummen der Fro no den Differenzéierungsméiglechkeeten am Kader vum CA no.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participanten kennen:
- d'Konzepter : kommunikativ Approche a sproochsensiblen Unterrecht
- Tools fir Kanner, déi nei an eng Sprooch eraklammen, ze ënnerstëtzen sproochlech aktiv ze ginn.
Kënnen
D'Participanten kënnen:
- eesproocheg a méisproocheg Momenter erkennen a sech zu Notze maachen
- a bekannten Aktivitéiten eng kommunikativ Approche mat abauen
- Spiller zur Sproochefërderung auswielen.
Haltung
D'Participanten:
- entwéckelen e Bewosstsinn fir sproochlech Ufuerderungen, déi sech un d'Kanner riichten
- stellen Iwwerleeungen iwwert d'Sproochen un
- léieren eng konstruktiv Kommunikatioun an der Klass ze fërderen.
Inhalt / Contenu
- Aféierung vu Konzepter ronderëm Sproochspiller a Sprochefërderung
- Adaptatioun a Benotze vu pädagogeschem an didakteschem Material
- Austausch vun Erfarungen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Austausch ënnert Participanten: Erfarungen a Froen ënnerteneen deelen
- leisungsorientéiert Schaffen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Angélique Quintus, institutrice, chargée d'études, Service de l’intégration et de l’accueil scolaires, SIA
Melanie Oliveira de Carvalho, éducatrice, Service de l’intégration et de l’accueil scolaires, SIA
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 30 novembre 2023 de 14 à 17 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 6 |
Nombre max. de participants : | 18 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation annulée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 5 décembre 2023 de 14 à 17 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 6 |
Nombre max. de participants : | 25 |
Places disponibles : | 6 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | titulaires des cours d'accueil |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois, français, allemand |
---|---|
Informations : | Eric Anen - eric.anen@men.lu |
Organisation : | formation organisée en collaboration avec le Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) |