Kënschtlech Intelligenz – enorm vill Méiglechkeeten an nei Risiken (Aféierung)
(Code : D6-e-04-ES-LTB)
Kontext / Contexte
Kënschtlech Intelligenzen (A.I.) spille scho säit ville Joren eng wichteg Roll an eisem Alldag, sief et fir d'Ausliwwere vu Päck ze plangen, Spam z'erkennen oder Recommandatioune beim Online-Shopping ze kréien. Säit kuerzem sinn déi Technologien awer och der breeder Mass zougänglech, sou datt jiddereen d'Muecht vun enger A.I. benotze kann. Dëst bitt en enormt Potential, well der Kreativitéit vun der gesamter Mënschheet keng Grenze gesat sinn – mee natierlech bitt et och Risiken.
Dës Formatioun bitt eng fundéiert Aféierung an d'kënschtlech Intelligenzen an hir villfälteg Uwennungen an eisem Alldag, souwéi den Impakt op eis Gesellschaft. Ausserdeem gëtt an der Formatioun gewisen, wéi eng A.I. eigentlech funktionéiert, souwuel vum technesche wéi och vum prakteschen Aspekt. Dëst erlaabt dann an der Suite, d'Risiken an d'Problemer vun der Technologie besser ze verstoen an domat ëmgoen ze kënnen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- déi haiteg Systemer a Servicer, déi A.I. asetzen
- eng Varietéit vu verschiddenen A.I. Servicer, déi fräi verfügbar sinn
- d'Funktiounsweis vun enger A.I.
- d'Risiken an d'Opportunitéiten vun A.I.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- eng A.I. ze benotzen
- an ethesch anzesetzen
- d'Limitte vun enger A.I. anzeschätzen
- ze verstoen, wat de gesellschaftlechen Impakt vun A.I. si wäert.
Haltung
D'Participanten/-teën hunn no der Formatioun e fundéierte Standpunkt zu A.I., deen engersäits positiv géigeniwwer der Technologie, mee anerersäits och kritesch géigeniwwer dem Mëssbrauch vun der Technologie ass.
Inhalt / Contenu
- Historique vun A.I.
- verstoppten Uwennungen am Alldag
- Virstellung vu verschiddenen, fräi verfügbaren A.I.-Servicer
- Funktiounsweis vun A.I.
- Risiken / Problemer / Challengen vun der Technologie an hirem Gebrauch
- Impakt op d'Gesellschaft
- de richtegen Ëmgang mat A.I. am Alldag, privat oder am Beruff / an der Schoul.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Interaktive Virtrag mat ville Beispiller an Demonstratiounen
- Austausch an Diskussioun.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Steve Muller, Cybersecurity-Spezialist an Technologie-Enthusiast, Ministère de l'Economie
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mercredi 15 novembre 2023 de 14.30 à 16.30 heures |
Lieu : | Bouneweger Lycée - affichage sur place |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 3 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mercredi 22 novembre 2023 de 14.30 à 16.30 heures |
Lieu : | Bouneweger Lycée - affichage sur place |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 3 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social du LTB |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Martine Schadeck - martine.schadeck@education.lu, Manu Miny - manu.miny@education.lu |