Comment travailler en classe avec la tablette
(Code : D6-a-04-ES-LCE)
Kontext / Contexte
Mir weisen iech, wéi dir den iPad am Alldag an der Schoul gebrauche kënnt.
E grousse Probleem mat eisen Tablette-Klassen ass, dass mir net zu all Moment sécher si kënnen, ob d'Schüler/-innen den Device wärend dem Cours nëmmen als Outil de travail notzen. Fir dëst e bëssen ze kontrolléieren, schaffe mir u verschiddene Léisungen an am Moment ass et sou, dass mir mat der App "Classroom Manager" zu all Moment am Cours kucke kënnen, op wéi enger App eis Schüler/-inne schaffen a souguer hire Bildschierm kontrolléiere kënnen. Mir wëllen iech an dëser Formatioun déi wichtegst Funktionalitéiten vun dëser App weisen.
Mir weisen iech, wéi dir de Microsoft OneNote oder den Notability benotze kënnt, fir en Heft um iPad mat äre Schüler/-innen ze féieren.
Mir beäntwere Froe ewéi:
- wéi leeën ech e strukturéiert OneNote-Classbook un?
- wéi kann ech mat menge Schüler/-inne kommunizéieren an de Cours mat hinnen deelen?
- wéi geréieren ech meng Fichieren am Notability?
- wat sinn d'Vir- an d'Nodeeler vun deenen zwou Appen?
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen déi verschidde Funktionalitéite vum Microsoft Office365.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- d'Notze vum iPad am Alldag z'erkennen an unzewennen
- d'Notze vum OneNote / Notability am Alldag z'erkennen an unzewennen
- en Team fir hir Klass z'erstellen an hir Schüler/-inne bäizefügen
- mam "Classroom Manager" hir Schüler/-innen ze kontrolléieren
- mam "Classroom Manager" Appen oder Gruppe vun Appen ze spären.
Haltung
D'Participanten/-teën:
- denken iwwer nei e-Learning Methoden no
- setze sech mam OneNote an Notability a sengen diverse Méiglechkeeten auseneen.
Inhalt / Contenu
Mir weisen iech an dëser Formatioun, wéi een d'App "Classroom Manager" benotze kann, fir d'Schüler/-inne wärend dem Cours ze kontrolléieren. Mat dëser App kann ee Restriktiounen op de Schüler/-innen hirem iPad astellen, esou dass si nëmmen déi Funktiounen zur Verfügung hunn, déi si fir äre Cours brauchen. Mir weisen iech, wéi dir mat Hëllef vun der App är Klass besser geréiere kënnt, an de Schüler/-inne bal keng Méiglechkeet loosst, fir hiren Device fir net-schoulesch Aktivitéiten ze notzen.
Doriwwer eraus:
- Projektioun iwwer den iPad an de Sall
- Uleeë vu Classeuren am OneNote an am Notability
- Geréiere vu Fichieren am OneNote an am Notability
- Schaffen an der Klass am OneNote an am Notability.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Presentatioun
- praktesch Aarbecht
- Diskussioun.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
André Origer, Professer am LCE
Laurent Sturm, Professer am LCE
Remarques / Anmerkung
Bréngt wgl. ären iPad mat, falls dir een hutt. Am Sall stinn och Computeren zur Verfügung, falls dir nach keen iPad hutt. Dir sollt OneNote an Notability op ärem iPad installéiert hunn.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le vendredi 15 septembre 2023 de 14 à 17 heures |
Lieu : | Lycée Classique Echternach - P109 |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 1 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant du LCE |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Simone Jungers - Simone.Jungers@education.lu |