Initiation aux outils technologiques
(Code : D6-a-03-ES-LCE)
Kontext / Contexte
Mir probéieren, iech mat dëser Formatioun de Start an dat neit Schouljoer / deen neie Liewensofschnëtt ze vereinfachen.
Mir weisen iech:
- wéi dir iech am Klassesall aloggen an de Beamer benotze kënnt
- wéi dir iech mam Airserver verbanne kënnt
- wéi dir d'Klassebuch consultéieren an aschreiwe kënnt
- wéi dir är Fichieren am OneDrive späichere kënnt / sollt.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen d'TICE am LCE.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- d'TICE ze benotze fir sech z'organiséieren
- d'TICE an der Klass mat de Schüler/-innen ze benotzen
- sech an den Webuntis anzeloggen
- am Webuntis Gruppen ze erstellen
- am Webuntis eng Prüfung anzeschreiwen an de Programm festzeleeën
- am Webuntis e Sall ze reservéieren
- eng gutt Ordnerstruktur am OneDrive unzeleeën.
Haltung
D'Participanten/-teën:
- denken iwwer nei e-Learning Methoden no
- entdecken d'Plus-value vun den TICE an der Klass.
Inhalt / Contenu
An dëser Formatioun weise mir iech och kuerz e puer Funktiounen um Webuntis. Wéi schreiwen ech meng Prüfungen an de Programm esou an, dass jiddereen et gesäit? Mir weisen iech, wéi ee Gruppen erstellt, a wéi een d'Inscriptiounen an d'Retarden esou andréit, dass de Régent e gudden Iwwerbléck huet.
Doriwwer eraus:
- Login am Klassesall
- Verbindung mat Beamer an Airserver / Apple TV
- Ordnerstruktur am OneDrive.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Presentatioun
- praktesch Aarbecht
- Diskussioun.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
André Origer, Professer am LCE
Laurent Sturm, Professer am LCE
Remarques / Anmerkung
Bréngt wgl. ären iPad mat, falls dir een hutt. Am Sall stinn och Computeren zur Verfügung, falls dir nach keen iPad hutt.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 14 septembre 2023 de 14 à 17 heures |
Lieu : | Lycée Classique Echternach - P109 |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 3 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant du LCE |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Simone Jungers - Simone.Jungers@education.lu |