Kanner staark maachen duerch Musek!
(Code : B2-f-03)
Kontext / Contexte
Déi lescht Joren hunn eis all virun nei Erausfuerderunge gestallt. Mir hu misse kreativ ginn, nei Kommunikatiounsweeër fannen. An dach ass de Stressniveau bäi de Kanner, Jonken an Erwuessenen an d'Luucht gaangen.
An dëser Formatioun wëlle mir eis ukucken a virun allem ausprobéieren, wéi mir d'Medium Musek an eisem schouleschen Alldag kënnen notzen, fir Zesummenhalt an der Klass ze fërderen, Potenzialer a Ressource vu Kanner ze erkennen an ze stäerken a fir op kreativ a spilleresch Manéier matenee kënnen ze kommunizéieren.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'DeelnehmerInne kennen:
- Méiglechkeeten, fir Musek an hirem berufflechen Alldag anzesetzen;
- d'neurologesch Wierkung vu Musek;
- d'Potenzial vu Musek zur Fërderung vun Integratioun an Zesummenhalt;
- d'Potenzial vu Musek zur Stäerkung vu Ressourcen.
Savoir-faire
D'DeelnehmerInne kënnen:
- Musek an hierem berufflechen Alldag asetzen fir Ressourcen ze fërderen an Zesummenhalt ze stäerken;
- Instrumenter a Gesang notzen, fir de Bien-être vun de Kanner an an der Klass ze erhéijen;
- Musek an der Klass asetzen, fir e positiivt Klima ze schafen a Kanner ze stäerken.
Haltung
D'DeelnehmerInnen:
- erkennen d'Potenzial vu Musek, an dat iwwert d'Léiere vu Lidder/Instrumenter asw. eraus;
- gesi Musek als e kreatiivt Mëttel, fir Kanner ze stäerken an de Bien-être ze erhéijen;
- sinn oppe fir nei musikalesch Techniken a kreativ Weeër.
Inhalt / Contenu
- theoretescht Wëssen zur neurologescher Wierkung vu Musek;
- theoretescht Wëssen zur psycho-sozialer Wierkung vu Musek;
- praktescht Wëssen zum Asaz vu Musek (Stëmm, Instrumenter) - aktiv a receptiv - an der Aarbecht mat Kanner a Jonken.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Videoen,
- Presentatioun,
- praktesch Übungen,
- Gruppenaarbechten,
- Diskussioun,
- Reflexioun.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Cathy Schmartz, Musekstherapeutin & Psychologin
Remarques / Anmerkung
Um an dieser Weiterbildung teilnehmen zu können, benötigen Sie eine Verbindung zu Microsoft Teams, ein Mikrofon und eine Kamera (PC oder Laptop, kein iPad oder Smartphone). Sie werden einen Arbeitstag vor dem ersten Termin zu Ihrer Gruppe in MS Teams hinzugefügt. Bitte melden Sie sich wenn möglich 5 Minuten vor Beginn des Webinars in Teams an.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Blended learning |
---|---|
Date : | 1. en présentiel à l'IFEN Walferdange: le vendredi 13 octobre 2023 de 17 à 20 heures 2. en présentiel à l'IFEN Walferdange: le samedi 14 octobre 2023 de 9 à 12 et 13 à 16 heures 3. en ligne sur Teams: le vendredi 17 novembre 2023 de 19 à 21 heures 4. en ligne sur Teams: le vendredi 24 novembre 2023 de 19 à 21 heures |
Lieu : | Formation en blended learning : séances en présentiel et en ligne |
Nombre max. de participants : | 12 |
Places disponibles : | 2 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |