To be or not to be creative?… eng Fro, méi Äntwerten
(Code : D3-a-06)
NB: ein oder mehrere Termine dieser Aus-Weiterbildung finden am Standort IFEN Esch-Belval - Terres Rouges statt.
Kontext / Contexte
"Art has the role in education of helping children become like themselves instead of more like everyone else." Sydney Gurewitz Clemens
Eng Formatioun iwwer Kreativitéit, déi op ass fir all Kreativen a Net-Sou-Kreativen oder Guer-net-Kreativen. Eng, déi Weeër weist, wéi mer de Kanner hir Kreativitéit weider fërdere kënnen. A virun allem eng Formatioun, wou der selwer ausprobéieren a fräi schaffe kënnt.
Zielsetzung / Objectifs
Wissen
Die Teilnehmer/-innen kennen:
- fir all Unterrechtsstuf ugepasste kreativ Iddien
- den Ëmgank mat ënnerschiddlechem Material sou wéi Techniken a wéi een se asetze kann
- Methoden, wéi Konscht a kreatiivt Schafe fächeriwwergräifend behandelt ka ginn
- Methoden, fir de Kanner hiert eegestännegt a kreatiivt Schafen ze fërderen
- Bezuchsquellen.
Fähigkeiten
Die Teilnehmer/-innen sind in der Lage:
- d'Wichtegkeet vum kreative Schaffen a Schafen unzehuelen an anzesetzen
- de Stellewäert vu Konscht als wichteg Ressource fir den Unterrecht unzehuelen an anzesetzen
- de Kanner duerch eng Auswiel un adequate Ressourcen d'Méiglechkeet ze ginn, sech kreativ z'entwéckelen
- d'Kanner an hirem kreative Gestaltungsprozess fachkënneg an engagéiert ze begleeden
- ze beweisen, datt Konscht Freed a Spaass vermëttele kann.
Haltung
Die Teilnehmer/-innen:
- sinn oppen a virwëtzeg, fir sech op kreativ Prozesser anzeloossen
- entwéckele Spaass beim kreative Schaffen.
Inhalt / Contenu
Entdecke vun enger helle Wull u praktesche Beispiller, un Technik a Material an u Beispiller aus der Konscht fir all Alter an Unterrechtsstuf.
Zil ass et, sech aktiv kreativ ze beschäftegen an d'Geleeënheet ze kréien, aner Techniken a Material auszeprobéieren oder ze verdéiwen a Kënschtler an hir Denkweis kennen ze léieren. Et gi fächeriwwergräifend Projete virgestallt déi Konscht, Sprooch, Mathe, asw. matenee verbannen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Präsentatioun vu Beispiller
- Analyse vu Stil, Materialien an Techniken
- praktescht Schaffen a Schafen
- Reflexioun an Diskussioun am Grupp
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Edith Rollinger-Simon, Léierin a Grafikerin
Remarques / Anmerkung
Bréngt e Fön mat, wann der een hutt (wa net, ass et net schlëmm) a Kleeder, déi däerfe "knaschteg" ginn. D'Materialkäschte sinn 14.-.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les samedis 11,18 et 25 novembre 2023 de 9 à 12.30 et 13.30 à 16 heures |
Lieu : | IFEN Belval - Terres Rouges - bâtiment E |
Nombre max. de participants : | 14 |
Places disponibles : | 1 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les samedis 27 janvier et 3 février 2024 de 9 à 12.30 et 13.30 à 16 heures |
Lieu : | IFEN Belval - Terres Rouges - bâtiment E |
Nombre max. de participants : | 14 |
Places disponibles : | 2 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe C
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les samedis 20, 27 avril et 4 mai 2024 de 9 à 12.30 et 13.30 à 16 heures |
Lieu : | IFEN Belval - Terres Rouges - bâtiment E |
Nombre max. de participants : | 14 |
Places disponibles : | 1 |
Statut de la formation : | Inscriptions clôturées |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |