»Niki de St Phalle«, kenne mer. »Wercollier« och. »Michelangelo« hate mer och schonn. Wéi wär et da mol mat »Nishikawa«, »Cuvelier« oder »Chiaozza«?
(Code : D3-a-03)
NB: ein oder mehrere Termine dieser Aus-Weiterbildung finden am Standort IFEN Esch-Belval - Terres Rouges statt.
Kontext / Contexte
Eng Formatioun, fir Sculpteure kennen ze léieren, déi d’Kanner an Enseignant kënne begeeschteren.
A virun allem, eng Formatioun, wou der selwer ausprobéieren a fräi schaffe kënnt.
Zielsetzung / Objectifs
Wissen
Die Teilnehmer/-innen kennen:
- Methoden, wéi Konscht a kreatiivt Schafe fächeriwwergräifend behandelt ka ginn
- Sculpteuren a Weeër, se an den Unterrecht z'integréieren
- den Ëmgank mat einfachem Material a wéi een et asetze kann
- Bezuchsquellen.
Fähigkeiten
Die Teilnehmer/-innen sind in der Lage:
- de Stellewäert vu Konscht als wichteg Ressource fir den Unterrecht unzehuelen an anzesetzen
- d'Kanner an hirem kreative Gestaltungsprozess fachkënneg an engagéiert ze begleeden
- d'Wichtegkeet vum kreative Schaffen a Schafen unzehuelen an anzesetzen
- ze beweisen, datt Konscht Freed a Spaass vermëttele kann.
Haltung
Die Teilnehmer/-innen:
- sinn oppen a virwëtzeg, fir sech op kreativ Prozesser anzeloossen
- entwéckele selwer Spaass beim kreative Schaffen a Schafen.
Inhalt / Contenu
Zil ass et, d'Oarbecht vu Sculpteure kennen ze léieren an d'Geleeënheet ze kréien, hir Techniken auszeprobéieren oder ze verdéiwen. Där kritt d'Méiglechkeet, unhand vu praktesche Beispiller, Weeër ze fannen, wéi een déi Sculpteuren an den Unterrecht integréiere kann an dat fir all Alter an Unterrechtsstuf. An dat alles ëmmer rëm mat Foarf, Gekniwwels, Drot a Gedéngels.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Präsentatioun vu Beispiller
- Analyse vu Stil, Materialien an Techniken
- praktescht Schaffen a Schafen
- Reflexioun an Diskussioun am Grupp
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Edith Rollinger-Simon, Léierin a Grafikerin
Remarques / Anmerkung
Bréngt wgl. Kleedung mat, déi knaschteg ka ginn a 5€ fir Materialkäschten.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 26 octobre 2023 de 14 à 18 heures |
Lieu : | IFEN Belval - Terres Rouges - bâtiment E |
Nombre max. de participants : | 14 |
Places disponibles : | 1 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |