ERAUS AN D'NATUR
(Code : D2-b-01-EF-Schifflange/LS)
Kontext / Contexte
Dëse Workshop, deen op zwee verschiddenen Nomëtteger am Bësch stattfënnt, soll der Léierpersoun en Abléck an Iddie ginn, wéi si ouni eng Onmass un Material einfach mol ka spontan mat de Schüler fir en puer Stonnen aus dem Klassesall an de Bësch „flüchten“.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
Déi Persounen, déi deelhuele kennen:
-déi entwécklungstechnesch Viraussetzunge vu Léierprozesser an d’Virdeeler vum „Dobausse sinn“.
-kenne Facteuren, déi beim „Dobaussen“ sinn eng Roll spillen.
Fähegkeeten
Déi Persounen, déi deelhuele kennen d‘Potenzialer vum Dobausse sinn als Léierméiglechkeeten a kënnen dës aschätzen a wäertschätzen.
Haltung
Déi Persounen, déi deelhuele kennen d’Potenzialer vum „Dobausse sinn“ mat de Schüler a si motivéiert fir eraus.
Inhalt / Contenu
Onglécklecherweis dréint d’Welt ëmmer méi schnell. Mir als Erwuessener mussen ëmmer erreechbar sinn a liewe quasi schon den „duerchgeplangten Alldag“.
Bei de Kanner ass dat oft ganz genee esou. Verschidde Kanner hunn déi ganz Woch iwwer mol keng wierklech Réckzuchsméiglechkeeten a stinn ënner Dauerbelaaschtung.
De Workshop setzt sech zum Zil verschidden Denkustéiss an Iddie fir Spiller ze ginn, fir dass een einfach mol spontan no Loscht a Laun mat de Schüler kann eraus an d'Natur goen.
De Bësch bitt als Léierplaz d’Méiglechkeet, ganz ënnerschiddlech Ziler ze verfollegen, sief et Aktivitéiten zur "Achtsamkeet", oder awer och beispillsweis Spiller déi d’Dynamik am Grupp Klass fërdere kënnen.
Dëse Workshop soll iech en puer onkomplizéiert Denkustéiss an Iddie vermëttele fir, dass dir zu all Moment wa Besoin a Loscht do ass, kënnt d’Gummisstiwwelen auspaken, d‘Jacketten undoen an iech op de Wee an de Bësch maachen, dee fir all Kand (an ons Erwuessener) souvill ze bidden huët…
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- vill praktesch Beispiller
- gemeinsam Reflexioun an der Grupp bezunn op déi alldeeglech Praxis
- Froeronn.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Nancy Keller, Léierin am Fondamental, Naturpädagogin
Remarques / Anmerkung
Dem Wieder entspriechend undoen. Idealerweis bleiwe mir ganz dobaussen.
Plan d'accès : Voir onglet "documents".
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les jeudis 28 septembre et 12 octobre 2023 de 14 à 17 heures |
Lieu : | Rendez-vous au Chemin vert à Schifflange |
Nombre max. de participants : | 14 |
Places disponibles : | 1 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif de l’école fondamentale Lydie Schmit de Schifflange |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Tina Giannessi - tina.giannessi@education.lu |
Documents liés à la formation
Plan d'accès |