Méi Wuelbefannen fir Schoulpersonal a Schüler/-innen duerch Yoga an Entspanung
(Code : B2-e-02-EF-Kehlen)
Kontext / Contexte
Stress fënnt lues a lues och säi Wee an eis Schoulen. Et ginn ëmmer méi Kanner/Jonker déi vu Klengem un en duerchstrukturéierten Dagesoflaf vun 10 Stonnen a méi hunn, dee bis zur leschter Minutt duerchorganiséiert ass. Dës Situatioun ka bei verschiddene Kanner/Jonken zu Schoulschwieregkeete féiere wéi: Konzentratiounsschwieregkeeten, Opgedréintheet, Middegkeet, Problemer um motoresche Plang, Verhalensproblemer. Dës Problemer sinn net mat den Exigenzen vun eisem Schoulsystem kompatibel.
Guidéiert Entspanungstechniken, d'Léier zu méi Opmierksamkeet a Yoga an der Schoul erméiglechen de Kanner/Jonken sech neess op hir schoulesch Aktivitéiten ze fokusséieren. Andeems mer de Kierper wouerhuelen, eisen Otem verdéiwen, léiere mer och eise Geescht ze entspanen. Wa mer eis an eisem Kierper an an eisem Geescht wuelspieren, gi mer gläichzäiteg méi receptiv a verbesseren doduerch eis Konzentratioun an eis Opmierksamkeet.
Duerch méi ënnerlech Rou kënnen allgemeng Spannungen am Kand/Jonken sengem Ëmfeld ofgebaut an dat allgemengt soziaalt Zesummeliewe verbessert ginn.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participanten kennen:
- D’Ursaachen vu Stress a seng Wierkung op eist allgemengt Wuelbefannen
- Grondleeënd Aspekter vun Entspanung/Uspanung an hir Wierkung
- Historesch Aspekter vum Yoga a senger Bedeitung
- D’Wierkung vu Yoga-, Entspanungs- an Otemübungen am allgemengen
- D’Wierkung vu Yoga-, Entspanungs- an Otemübungen op eise Kierper, eis Konzentratioun an op dat soziaalt Zesummeliewen
- Den Ënnerscheed tëscht Yoga-an Otemübunge fir Erwuessener a Yoga-an Otemübunge fir Kanner
- Basistechniken vum Yoga
Fäegkeeten
D’Participanten sinn an der Lag:
- Stresssituatiounen ze erkennen a probéieren dës selwer ze reguléieren duerch geziilten Entspanungstechniken
- Geziilten Entspanungstechniken un hir Schüler weiderzeginn
- Yogastonne fir Kanner a Jonker auszeschaffen an ze plangen
- Kuerz altersgerecht Yoga-, Otem- an Entspanungstechniken am schouleschen Alldag ze integréieren
- Grondleeënd Usätz vu Yoga a Yoga Nidra duerch Selbsterfarung kennenzeléieren an unzewenden
Haltung
D’Participanten:
- Si virwëtzeg an op fir eppes Neits ze léieren
- Fannen duerch praktesch Übungen selwer zu méi Rou an Ausgeglachenheet
- Sollen iwwert hir jeeweileg Virgoensweis, besonnesch am Hibléck op Problemer refletéieren an eventuell nei Forme fannen fir dës Problemer an de Grëff ze kréien
- Sollen nei geléiert Yoga-, Entspanungs- an Otemübungen an hirer Schoul ausprobéieren an am nächste Cours mam Grupp deelen
- Léieren duerch den Austausch mat aneren Participanten an deenen hiren Erfarungen
Inhalt / Contenu
Kuerz Yogasequenz um Ufank vun all Cours, wou d’Participanten selwer Techniken léieren fir zu méi Entspanung a Rou ze kommen. Nëmmen en entspaanten Enseignant/Educateur kann och Entspanungstechniken u seng Schüler weiderginn. Am 2. Deel kritt een en Abléck an d'Didaktik an d’Methodologie vu Yoga-an Entspanungssequenze fir Kanner/Jonker ugepasst un den Alter
Kuerz Informatiounen zum theoreteschen Hannergrond, gekoppelt mat vill Praxis.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Virstelle vum theoreteschen Hannergrond mat Méiglechkeet fir Froen ze stellen a sech auszetauschen
- vill Praxisaarbecht souwuel fir Erwuessener wéi och wat d’Schaffe mat de Kanner/Jonken ugeet
- ugeleete Meditatiounen fir Erwuessener a Fantasiereese fir d’Schüler
- Partnerübungen
- Erfarungsaustosch
- Expo vu flottem Material (nëmme méiglech a präsenz Weiderbildungen)
D’Participanten kréien en detailléierte Skript ausgedeelt oder gemailt mat engem theoreteschen an engem praktesche Volet mat ville flotten Übungen a ganze Stonnebiller.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Sabine Tonnar-Stoltz, Grondschoul- a Yogaléierin
Remarques / Anmerkung
eng Yogamatt, Këssen an Decken matbréngen
gemittlech Kleedung undoen (keng enk Jeansboxen)
D’Participanten kréien en detailléierte Skript ausgedeelt oder gemailt mat engem theoreteschen an engem praktesche Volet mat ville flotten Übungen a ganze Stonnebiller fir an der Klass auszeprobéieren
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les mardis 26 septembre, 3, 10 et 17 octobre 2023 de 13.30 à 16.30 heures (C1 et C2) |
Lieu : | Centre Culturel Nospelt |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 2 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les jeudis 26 octobre, 9, 16 et 23 novembre 2023 de 14 à 17 heures (C1 et C4) |
Lieu : | Centre Culturel Nospelt |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 5 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe C
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les mardis 24 octobre, 7, 14 et 21 novembre 2023 de 13030 à 16.30 heures (C1-C4) |
Lieu : | Centre Culturel Nospelt |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation annulée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif de l'école fondamentale de Kehlen |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Sandra Klein – klein.sandra@education.lu |