Online: Kannerrechter - Participatioun, Schutz a Fërderung
(Code : C-a-47)
Kontext / Contexte
D’Kannerrechter gëlle fir all Mënsche bis 18 Joer. Sie sinn an der Kannerrechtskonventioun vum 20. November 1989 festgehalen, dëst Dokument baséiert op der Genfer Erklärung iwwer d’Kannerrechter vun 1924 an der Erklärung vun der UNO-Generalversammlung vun 1959 iwwer d’Rechter vum Kand.
D’Kannerrechtskonventioun besteet aus 54 Artiklen, an all d’Länner op der Welt ausser den USA dëst Dokument ënnerschriwwen an ratifizéiert, also a Kraaft gesat.
Dat bedeit dass déi verschidden Artikelen hei opgeschriwwe si musse beuecht ginn.
An och dass de Staat sech verflicht fir dës Kannerrechter bekannt ze maachen an dofir ze suergen dass et Plaze gëtt wou ee ka Bescheed gi wann ee vun den Artikelen net agehale gëtt.
Zu Lëtzebuerg ass d’Kannerrechtskonventioun 1993 a Kraaft getrueden, an entretemps ginn et verschidden Administratiounen a Servicer déi sech am Beräich vum Bekanntmaachen, Vertrieden, Anhalen a Schütze vun de Kannerrechter engagéieren.
Dat ass zum Beispill de Service des droits de l’enfant am Educatiounsministère, dann awer och den Office national de l’enfance, de Service vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher als direkt Ulafplaz, an den Zentrum fir politesch Bildung, dee sengersäits d’Recht vum Kand op Participatioun (Recht op Bildung), an d’Informatiounsrecht couvréiert.
D'Kannerrechtskonventioun u sech, den Nationalen Aktiounsplang den am Mee 2022 lancéiert gouf an déi 3 Kategorië vu Kannerrechter - Participatioun, Protektioun a Provisioun ginn thematiséiert.
Ronderëm den Dësch sëtze fir dëse Webinaire:
Marguerite Krier, Chef de Service vum Service des droits de l’enfant
Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, OKaJu
Michèle Bressanutti, Direktrice vum Office national de l’enfance,ONE
Michèle Schilt, Direktrice adjointe vum Zentrum fir politesch Bildung, ZpB
Jidderee ka wärend dem Webinaire Froe stellen, iwwer d'E-Mail-Adress fro@webinar.lu, oder d'What'sapp Nummer 621 44 00 44
Zielsetzung / Objectifs
Wissen
Die Teilnehmer/-innen kennen:
- d'Prinzippie vun de Kannerrechter
- d'Flichten a Méiglechkeete vun de verschiddenen Ulafplaze fir Kannerrechter
- wéi ee Kannerrechter an der Schoul kann ëmsetzen.
Fähigkeiten
Die Teilnehmer/-innen sind in der Lage:
- d'Kannerrechter de Kanner a Jugendlechen zougängeg ze maachen
- d'Wichtegkeet vun dëse Rechter ze erkennen an sech dofir ze engagéieren
- hir Roll am Anhalen an an der Verbreedung vum Wëssen iwwer d'Kannerrechter ze assuméieren.
Haltung
Die Teilnehmer/-innen:
- sinn oppe fir d'Reflektioun iwwer méiglech Problematike par Rapport zu de Kannerrechter an der Schoul
- gewëllt sech mam Thema auserneenzesetzen
- iwwerzeegt vum intérêt supérieur vum Kand.
Inhalt / Contenu
D’Kannerrechtskonventioun besteet aus 54 Artikelen. All d’Länner op der Welt ausser den USA hunn dëst Dokument ënnerschriwwen a ratifizéiert, also a Kraaft gesat.
Dat bedeit, dass déi verschidden Artikelen, déi hei opgeschriwwe sinn, musse beuecht ginn.
An et heescht och, dass de Staat sech verflicht, fir dës Kannerrechter bekannt ze maachen an dofir ze suergen, dass et Plaze gëtt, wou ee ka Bescheed ginn, wann ee vun den Artikelen net agehale gëtt.
Zu Lëtzebuerg ass d’Kannerrechtskonventioun 1993 a Kraaft getrueden, an entretemps ginn et verschidden Administratiounen a Servicer, déi sech am Beräich vum Bekanntmaachen, Vertrieden, Anhalen a Schütze vun de Kannerrechter engagéieren.
Dat ass zum Beispill de Service des droits de l’enfant am Educatiounsministère, dann awer och den Office national de l’enfance, de Service vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher als direkt Ulafplaz, an den Zentrum fir politesch Bildung, dee sengersäits d’Recht vum Kand op Bildung an d’Informatiounsrecht couvréiert.
Donieft gëtt et vill aner staatlech a privat Ulafplazen, déi sech fir d’Anhale vun de Kannerrechter an de Schutz vu Kanner a Jugendlechen asetzen.
1993 ass d’Kannerrechtskonventioun ratifizéiert ginn, virun 30 Joer also – wat huet dat am Prakteschen geännert? Wat huet et am Versteesdemech vis-à-vis vu Mineure mat sech bruecht?
Geet et Kanner haut doduerch konkret besser wéi an den 1980er Joren?
Sinn dës Rechter bekannt genuch, oder bleift nach villes ze maachen?
Wéi present sinn d'Kannerrechter an der Schoul?
Wéi ginn se am Plan d’études berécksiichtegt? An an der Praxis?
Am Mee 2022 ass en nationalen Aktiounsplang virgestallt ginn. Wat gesäit dëse Plang vir, wat soll e bréngen? (PAN, orientéiert sech um Intérêt supérieur de l’enfant)
D’Kannerrechter kann een an 3 Kategorien opdeelen:
Consultatioun vun de Kanner (Participatioun),
Protektioun,
Provisioun (Fërderrechter fir eng gutt Entwécklung)
Iwwer d'Wichtegkeet vun de Kannerrechter an hir Bedeitung am Alldag schwätze mer mam :
Marguerite Krier, Direktrice vum Service des droits de l'enfant
Charel Schmit, Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher
Michèle Bressanutti, Direktrice vum Office national de l'enfance
Michèle Schilt, Direktrice adjointe vum Zentrum fir politesch Bildung, ZpB
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Moderéiert Diskussiounsronn mat der Méiglëchkeet als Nolauschterer Froen ze stellen
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
SCRIPT
Remarques / Anmerkung
Dir kënnt de Beitrag um Radio lauschteren (100,7) oder iwwert den www.100komma7.lu
Fir de Webinaire iwwer de Livestream kënnen ze gesinn, gitt Dir op d'Säit www.100komma7.lu, do fannt Dir kuerz virum Ufank vum Webinaire de Lien iwwer deen Dir de Beitrag suivéieren kënnt.
Jidderee ka seng Froen iwwer d’Thematik stellen, iwwer d’Emailadress fro@webinar.lu, oder d’Whatsapp Nummer 621 44 00 44
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le mardi 31 janvier 2023 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Liveemissioun um radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 850 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le mardi 31 janvier 2023 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Liveemissioun um radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 890 |
Places disponibles : | 5 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes [EM] Enseignement musical (conservatoires et écoles de musique communales) [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social Personnel dirigeant et coordonnant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Nathalie Bender - Nathalie.Bender@men.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec SCRIPT et radio 100,7 |