Online: Kommunikativ, kollaborativ, kreativ a kritesch denkend – den Entrepreneursgeescht an der Education
(Code : C-a-39)
Kontext / Contexte
„An der Schoul léiert ee fir d'Liewen“ - mä wat brauch een u Léierstoff fir e Liewen an enger Zukunft, vun där mir haut nach wéineg wëssen, wéi se wäert ausgesinn? Ass et nach wichteg, feelerfräi verschidde Sproochen ze beherrschen? Muss ech mathematesch Theoremen aus dem FF kënnen opruffen? Oder geet et duer, dass ech weess, wou ech se kann noliesen, a wéi ech se applizéieren?Wat muss ech also haut léieren, fir an der Zukunft mäi Liewen ze meeschteren? Oder ass d'Fro villméi: WÉI muss ech léieren, fir dass ech an enger Welt, déi sech méi séier wéi bis elo verännert, déi néideg Ressourcen, Capacitéiten an Iddien hunn, fir ze bestoen?
Am Bildungswiese geet zanter geraumter Zäit riets vum Léiermodell vun de 4 K, de 4 Kompetenzen: dat sinn Kommunikatioun, Kollaboratioun, Kreativitéit a kritescht Denken.
Dat aktiivt Fërdere vun dëse Kompetenzen weisst sech hautdesdaags an der Education ënner anerem an de Coursen a Projete ronderëm den Entrepreneurship. Dobäi sollt een de Begrëff "Entrepreneurship" an dësem schoulesche Kontext lassgeléist vun der reng wirtschaftlecher Iddi an dem Terme verstoen, mee villméi als pädagogesch-didaktesche Kader, an deem d‘4K-Kompetenzen aktiv ungewannt kënne ginn. D’Aféieren an Ausbaue vu Methoden, déi den entrepreneuriale Gedanke stäerken, leien am Zäitgeescht vun de bildungstheoreteschen Entwécklungen. Esou schreift beispillweis den Direkter fir Bildung bei der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung, der OECD, den Andreas Schleicher, datt sech d'Léierpläng vun der Zukunft um 4 K-Modell orientéiere sollten.
Beweegen de Schüler an d'Schülerin am 21. Joerhonnert sech an dësem Ëmfeld, kënnen si sech mat den néidege Kompetenzen ekipéieren, fir hiert Liewen no der Schoul selwer an d'Hand ze huelen, an ze bestoen.
Am Webinaire gi Formatiounen an Initiative virgestallt, déi d’Wichtegkeet vum Entrepreneuriat an de 4K an de Schoulen an de Fokus réckelen: dëst ë. a. de YouthStart-Challengen, déi am Lycée an och ëmmer méi an der Grondschoul zum Asaz kommen, mat der rezent agefouerter Sektioun N am ECG, mam Programm vun de Sustainable Entrepreneurial Schools an de Lycéeën, oder och nach mat de Programmer vun der JEL, wéi z. B de Mini-Entreprisen, déi mëttlerweil am ganze Land bekannt sinn an och ausserhalb vum Educatiounskontext enorm Popularitéit hunn.
Wat bedeit Entrepreneurship an dësem Kontext? Wéi profitéiere Schüler a Schülerinne vun dëser Approche? Wat brauchen Enseignanten, fir sech op dëse Bildungswee kënnen anzeloossen, a sou den Transfert vum Wëssen ze erméiglechen? Am Webinaire geet riets iwwer déi néideg Kompetenze fir d'Zukunft, a wat jonk Mënschen haut musse mat op de Wee kréien, fir d'Entreprise vun hirem Liewe gutt kënnen ze féieren.
Live am Studio, fir iwwer den Entrepreneursgeescht an der Educatioun an Projeten an de Schoulen ze diskutéiere, sinn:
Fabienne Kieffer, Economieproffesser a Responsabel fir d’Sustainable Entrepreneurial Schools (SES)
Stéphanie Damgé, Directrice vun der asbl Jonk Entrepreneuren Lëtzebuerg (JEL)
Joseph Britz, Direkter vun der École de Commerce et de Gestion (ECG)
John Klemmer, Koordinateur vum Projet Sustainable Entrepreneurial Schools am Atert Lycée Rédange
Zielsetzung / Objectifs
Zilsetzung:
D’Participante wëssen:
- wat déi 4 K an der Bildung bedeiten, a wéi se transversal am Schoulalldag agebaut kënne ginn;
- woufir den Entrepreneuriatsgedanken an der Bildung steet;
- wat fir e Wëssen, wéi eng Fäegkeeten a wéieng Charaktereegenschafte wichteg sinn, fir an der Bildung Kompetenzen ze vermëttelen;
- wat dës Dimensioun vun der Bildung net nëmmen de Schüler a Schülerinnen bréngt, mä um Enn der Gesellschaft.
Fäegkeeten:
D’Participantë kënnen:
- selwer Iddien entwéckelen, wéi se de Gedanken vum Entrepreneurship an der Schoul kënne fërderen;
- sech mat aneren Persounen austauschen iwwer Méiglechkeeten an Opportunitéite vun der Bildung fir dëst Jorhonnert;
- verstoen, firwat den Entrepreneuriatsgedanken fir d’Bildung esou wichteg ka sinn.
Haltung:
D’Participanten
- sinn oppen fir déi 4 Kompetenze méi an hire Schoulalldag anzebauen;
- interesséiert un der Erfarung, déi bis elo am Beräich vum Entrepreneurship an de Schoule gemaach gouf.
Inhalt / Contenu
Am Laf vun den 90 Minutte gëtt de Gedanken vum Entrepreneurship an der Schoul, grad wéi déi néideg Kompetenzen fir déi no Zukunft mat de Gäscht am Studio opgeworf an diskutéiert.
Verschidde Perspektive vun dësem Theema gi mat weidere Stëmmen vu Schülerinnen a Schüler, Léierpersonal, Partner vun den existente Programmer, etc. beliicht.
Um Enn ka jidderee seng Froen iwwer d’Thematik stellen, iwwer d’Emailadress fro@webinar.lu, oder d’Whatsapp Nummer 621 44 00 44.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Moderéiert Diskussiounsronn mat Froestellung
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Fabienne Kieffer, Economieproffesser a Responsabel fir d’Sustainable Entrepreneurial Schools (SES)
Stéphanie Damgé, Directrice vun der asbl Jonk Entrepreneuren Lëtzebuerg (JEL)
Joseph Britz, Direkter vun der École de Commerce et de Gestion (ECG)
John Klemmer, Koordinateur vum Projet Sustainable Entrepreneurial Schools am Atert Lycée Rédange
Remarques / Anmerkung
Dir kënnt de Beitrag um Radio lauschteren (100,7) oder iwwert den www.100komma7.lu
Um Enn ka jidderee seng Froen iwwer d’Thematik stellen, iwwer d’Emailadress fro@webinar.lu, oder d’Whatsapp Nummer 621 44 00 44
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 29 novembre 2022 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Liveemissioun um radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 1 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social Personnel dirigeant et coordonnant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Nathalie Bender - Nathalie.Bender@men.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec SCRIPT et radio 100,7 |