Online : Phonologesch Bewosstheet mam Sila – Wat gëtt et Neits?
(Code : D1-a-15)
Kontext / Contexte
De Programm "Phonologesch Bewosstheet mam Sila" féiert d’Kanner am Cycle1 iwwert d‘Lauschteren, de Reim an d’Silb lues a lues och un den Ulaut, de Laut a 6 beispillhaft Buschtawen erun. Fir den Iwwergang an de Cycle 2 fléissend ze gestalte, kënnen d’Zousazmaterialien vum Programm esou wuel op Lëtzebuergesch wéi op Däitsch agesat ginn.
No der Entwécklung vum Classeur, der Sila-Handpopp an den Zousazmaterialien, stoung am Laf vum Schouljoer 20/21 d‘Ëmsetzung vum Programm an der Klass an d’Weiderentwécklung vun den Zousazmaterialien am Mëttelpunkt.
De Programm ‚Phonologesch Bewosstheet mam Sila‘ ass prioritär fir den Asaz am Cycle 1.1 an 1.2 ausgeschafft ginn.
Am Ufank vum Cycle 2 ass et flott de Lien mat den Aktivitéiten aus dem Heft 4 a 5, esou wéi mat dem Sila senger Roboter-Laut-Sprooch, ze maachen.
Am Kontext vun der Differenzéierung, kann am Cycle 2 weider och op d’Laut- an d’Buschtaf-Plättercher, esou wéi op d'Internet-Applikatioun 'Lauschterwee mam Sila' zréckgegraff ginn. Mat wéineg Materialopwand fannen an der ‚Education précoce’ d‘Lauschterspiller, d’Klangmolerei an d’Spill mam Rhythmus vun der Sprooch hir Plaz an der Virbereedung op weider Schrëtt.
Zielsetzung / Objectifs
Wissen
Die Teilnehmer/-innen kennen:
- nei Zousazmaterialie vum Programm
- de Lien tëscht der phonologescher Bewosstheet an dem Liesen- a Schreiweléieren
- konkret Ëmsetzungsméiglechkeeten an der Klass.
Fähigkeiten
Die Teilnehmer/-innen sind in der Lage:
- nei Zousazmaterialien mat anzeplangen
- sech d’Ëmsetzung am Kannergrupp virzestellen
- de Sënn an Zweck vum Programm engem Drëtten ze erklären.
Haltung
Die Teilnehmer/-innen:
- hu Loscht d’Aktivitéite reegelméisseg mat afléissen ze loossen
- gesinn sech am Austausch mat anere Bedeelegten.
Inhalt / Contenu
- Wat gëtt et Néits um Niveau vun den Zousazmaterialien?
- Wéi kann di konkret Ëmsetzung an der Klass ausgesinn?
- Wéi droen di proposéiert Aktivitéiten engem fléissenden Iwwergang an de Cycle 2 Rechnung?
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Presentatioun vu kuerze Filmsequenzen a weiderentwéckelten Zousazmaterialien
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Sylvie Bodé, Dr. en sciences psychologiques, Division du développement de matériels didactiques SCRIPT
Remarques / Anmerkung
Fir de schnellen Zougang zum Programm kënnen d'PDF Fichieren zum Material um Internet-Site https://sila.script.lu erofgeluede ginn, an d’Material ass um ‚Bon de Commande‘ ze fannen.
Le lien d'accès sera transmis aux participants un jour avant le début de la formation. Veuillez vous connecter 5 minutes avant le début du Teams Live Event.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le jeudi 21 octobre 2021 de 14 à 16 heures |
Lieu : | Formation en ligne sur Teams - Live event |
Nombre max. de participants : | 830 |
Places disponibles : | 2 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social du C1 & C2 |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le SCRIPT |