Microblog Blog
Profile Profile
Wiki Wiki
Contact Contact
You're not logged in, some features may not be available. Login or signup now!

Biography

Op dëser Säit fënns de just dat, wat d'Educatioun betrëfft, wanns de méi wësse wëlls da fënns de dat op mengem Website...

Ech hunn 1998 zu Crauthem (Gemeng Réiser) als Enseignant am 5/6 Schouljoer ugefangen.

An de Joeren 2000 an 2001 hunn ech mat OLEFA eng Software fir Websiten ze geréieren (CMS) entwéckelt, an 2001 hunn ech e Konzept ausgeschafft fir dat och an der Educatioun anzesetzen (OLEFA Education mat Wiki a Gestioun vu Bibliothéik).

Klick hei fir weider Infos iwwer OLEFA (Detailer géifen de Cadre sprengen).

Zënter 2008 schaffen ech an der Schoul zu Eilereng (Gemeng Suessem), an ech hu näischt méi mat den Entwécklunge vun OLEFA no 2008 ze dinn.

Enn 2009 hunn ech ugefangen un engem neie Software-Konzept als Nofolger vun OLEFA ze schaffen, am November 2011 ass dunn den oli.lu online gangen. Zënter September 2016 ass dann den oli.education.lu online, eng Versioun vun der Plattform mam CGIE / MENJE déi speziell fir d'lëtzebuerger Educatioun gebaut gouf.

Wichteg:
Wanns de Froen zum oli.education.lu hues oder wanns de Hëllef brauchs, da schreif mir net direkt mee benotz w.e.g. de Quick Help (dee fënns de uewen ënnert dem Menüpunkt "Hëllef"), oder schreift e Mail un den helpdesk@cgie.lu. Merci!

Jos Kirps

username: kirje257
add to friends
bookmark
report spam
block