|
|
Vun der Rentré 2016/2017 un hunn d'Enseignanten an d'Schüler aus dem Fondamental mat hirem IAM Login Zougang op déi nei Plattform, déi iwwer d'Adress http://oli.education.lu accessibel ass. Hei fënns de eng ganz Rei Tools, mat deenen d'Emsetzung vum differenzéierten Unterrecht méi einfach gëtt, plus eng ganz Rei e-Learning Applikatiounen. Ausserdeem bitt d'Plattform performant Tools fir Website vu Schoulen, Klassen a Projeten ze bauen.
|
|
|
Den oli.education.lu bitt all Funktiounen vum aktuellen oli.lu, an all zukünfteg Neierungen um oli.lu wäerten och automatesch am oli.education.lu disponibel sinn. Doriwwer eraus ginn et e puer wichteg Virdeeler fir Enseignanten a Schüler zu Lëtzebuerg: - All Donnéeën gi beim Centre de gestion informatique de l’Education (CGIE) gespäichert.
- Schüler an Enseignanten kënnen sech mat hirem IAM Login umellen (och ouni LuxTrust).
- Deng Klass(en) an deng Schüler ginn automatesch aus dem Scolaria iwwerholl.
- Schüler behalen hire Login an den Accès op hir Donnéeën, och wann se d'Schoul oder d'Gemeng wiesselen.
- Ressource vum Ministère gi méi einfach accessibel a ginn zum Deel souguer intégréiert.
- De Support gëtt direkt vum Ministère iwwerholl, an zukünfteg Formatioune laafen iwwer den IFEN.
|
|
|
Mir recommandéieren all Enseignant den oli.education.lu ze benotzen, well deng Schülerdonnéeën dann op Server vum Ministère / CGIE gespäichert ginn (denk un den Dateschutz), a well de Setup vun der Klass da méi einfach ass (via Scolaria). Den oli.lu selwer bleift awer fir de Grand Public (zB Elteren a Famill vun denge Schüler, an all aner Leit ouni IAM Login) bestoen, inklusiv allen e-Learning Apps, der virtueller Klass an der Gestioun vu Websiten.
|
|
|
Den oli.education.lu an den oli.lu sinn zwou getrennte Plattformen mat getrennten Datebanken (och wéinst dem Dateschutz). Du kanns dech also weder um oli.lu mat dengem IAM-Login aloggen, nach kanns de dech um oli.education.lu mat dengem OLI-Login aloggen. Benotz also w.e.g. jeweils dee passende Login. En IAM-Login misst du als Enseignant oder Schüler hunn, du brauchs also net zwéngend e separaten Account um oli.lu wanns du den oli.education.lu scho benotz.
|
|
|
Start de Klassen-Assisent a beäntwer do all Froen, den Assistent versicht dann alles richteg ze configuréieren an ze importéieren. Wann dat net hëlleft, da kuck am Scolaria no ob deng Klass korrekt configuréiert ass (se muss "gréng sinn"). Denk drun, dass all Ännerungen am Scolaria eventuell 24 bis 48 Stonne brauchen, bis se um Oli effektiv ginn. Wann eng vun denge Klassen um Oli net ugewise gëtt, da kuck nom Login ënner "Klasse geréieren", ob dës Klass net einfach "ausgeschalt" gouf. Wanns du Titulaire bass, kanns du se do och rëm aktivéieren. Wann eng vun denge Klassen och do net ugewise gëtt, da kuck mat dengem Responsable Informatique oder mat eisem Support ob den Titulaire op denger Klass richteg agestallt ass (de Responsable Informatique ka via "Klasse geréieren > Schoul Admin" Ännerunge maachen). Wanns du net Titulaire bass an awer an enger Klass schaffs, da kann den Titulaire dech als Enseignant bäisetzen. Wa näischt vun all deem hëlleft, da kontaktéier w.e.g. de Support - Merci!
|
|
|
StudentInne vun der Uni.lu kënnen iwwert d'Uni selwer e "Guest IAM" Account vum CGIE kréien. Mat dësem Guest IAM kënne sech d'StudentInne souwuel um Oli.education.lu, wéi och zB um Office 365 oder am MS Teams aloggen. Soubal sech e Student fir d'éischte Kéier mat sengem Guest IAM um Oli.education.lu aloggt, gëtt en Account um Oli fir dëse Student opgemaach. Ab dësem Moment fënnt een als Enseignant dëse Student och um Oli, an et kann een en zB als Enseignant a seng eege Klass oder an säi Cycle, Team oder Projet bäisetzen.
|
|
|
Beim Login froen déi meescht Browser, ob Username a Passwuert solle gespäichert ginn. An der Schoul ass dat natierlech NET GUTT, well ee séier falsch geklickt huet an da jiddereen un den Account kënnt. Dofir sollt een an der Schoul op alle Browser dës Optioun AUSSCHALTEN. Sou geet et (denkt drun, dass dat vu Versioun zu Versioun e bëssen anescht ka sinn): Google Chrome: Settings > Adavnced > Passwords & Forms > AutoFill Settings ausschalten. Ënner "Manage Passwords" kann ee gespäichert Passwierder läschen Firefox: Preferences > Privacy & Security > "Remember logins and passwords for websites" ausschalten. Ënner "Saved Logins" kann ee gespäichert Passwierder läschen Apple Safari: Preferences > AutoFill > "Usernames + Passwords" ausschalten. Ënner "Passwords" den AutoFill ausschalten, an do kann een och gespäichert Passwierder läschen.
|
|
|
Den oli.education.lu an den oli.lu sinn zwou getrennte Plattformen mat getrennten Datebanken (och wéinst dem Dateschutz). Deng Klass(en) a Schüler aus dem Scolaria ginn um oli.education.lu automatesch iwwerholl, se kommen awer NET automatesch an den oli.lu. Benotz als Enseignant w.e.g. den oli.education.lu, den oli.lu ass fir de Grand Public (zB Elteren a Famill vun denge Schüler, an all aner Leit ouni IAM Login).
|
|
|
D'virtuell Klass ass en Environnement, mat deems du eng ganz Rei wichteg Donnéeën an denger Klass geréiere kanns. Déi wichtegst Tools sinn: - Schreibwerkstatt (Gestioun vu Schülertexter, Redaktiounssystem optiméiert fir d'kollaborativt Schreiwen)
- Gestioun vu Medien an Dokumenter (Biller, Fotoën, ...).
- Online-Publikatioun vu Projeten (Wiki).
- Website & Blog (eegene Website fir deng Gemeng, deng Schoul, deng Klass, däi Projet, ...).
- Wocheplang (differenzéiert Aarbechtspläng fir deng Schüler, mat Online-Tracking)
- Zieler & Aufgaben définéieren.
- Eegen Evaluatiounen (als Zousatz zum Bilan) an Online-Portfolios.
- e-Learning Applikatiounen opmaachen oder individualiséiert Aufgaben drécken.
...plus Gestioun vu Bréiwer mat Entête, Kalenner, Todo Lëschten, Checklists a villes méi...
|
|
|
Membere vum Schoulcomité an de Responsable Informatique kënnen eng Team-Klass fir dech opmaachen. An esou enger Team-Klass kënnen 2 oder méi Schoulklassen zesummegefaasst ginn. D’Schüler vun alle Klassen am Team kommen dann automatesch via Scolaria an deng Team-Klass. Membere vum Schoulcomité an de Responsable Informatique fannen déi néideg Tools riets uewen op hirem Dashboard (“Administratioun”, ënnert de Klassen).
|
|
|
Du kanns esou vill virtuell Klassen opmaache wéis de wëlls. Einfach op dengem Dashboard lénks am Menü op “Virtuell Klassen” goen an deng eng nei Klass bäimaachen. An dës Klass kanns de da manuell Schüler bäisetzen (Sich no Numm oder IAM). Du kanns net nëmme Schüler aus denger eegener Schoul eranhuelen, mee souguer och Schüler aus anere Schoulen oder Gemengen. Et ass also och kee Problem, gemengeniwwergräifend Projeten oder Websiten ze bauen.
|
|
|
Als Enseignant kanns de souvill Website maache wéis de wëlls – fir deng Gemeng, awer och separater fir deng Schoul, deng Klass oder däi Projet zum Beispill. Pro Website kanns de wielen, ob Donnéeën aus Klasse sollen iwwerholl ginn, an aus wat fir enge Klassen déi Donnéeë komme sollen. E Website kanns de selwer opmaachen (d.h. du brauchs keen “Admin” ze froen), an däi Website ass och direkt ënnert enger fräi wielbarer Subdomain (“mainumm.schoul.lu") disponibel.
|
|
|
Wanns du e neie Website opmëss, dann ass deen direkt ënnert enger fräi wielbarer Subdomain (“mainumm.schoul.lu") disponibel. Wanns du och eng eegen Domain wëlls (zB www.meng-schoul.lu), da muss du déi selwer registréieren (zB bei Restena oder EuroDNS). Du muss dann e Redirect vun denger Domain op deng Subdomain (www.meng-schoul.lu -> mainumm.schoul.lu) maachen. Schéck e Message am "Quick Help", wanns de Froen hues oder Hëllef brauchs.
|
|
|
Um oli.education.lu kanns du dech och aloggen, wanns de am Secondaire bass, Schülerdonnéeën ginn dann awer net direkt iwwerholl. Mir proposéieren der folgende “Workaround”: - Falls deng virtuell Klass net automatesch vum Site generéiert gëtt, da maach selwer eng op (iwwer de Menü “Virtuell Klassen” lénks op dengem Dashboard).
- So denge Schüler, si sollen sech eng Kéier mat hirem IAM um oli.education.lu aloggen (an deem Fall gëtt automatesch e Benotzerkonto ugeluecht).
- Setz deng Schüler manuell an deng virtuell Klass bäi (Sich no Numm oder IAM).
Ab dësem Moment misst du deng virtuell Klass normal benotze kënnen.
|
|
|
Aus technesche Grënn ass et leider net méiglech, Donnéeën “mat engem Klick” ze iwwerhuelen. Wanns du awer verschidde Saachen (wéi zB Schülertexter aus der Schreibwerkstatt) migréiere wëlls, da schreif w.e.g. e Mail un team@oli.lu – vergiess net däin oli.lu Benotzernumm an däin IAM unzeginn.
|
|
|
Am Moment hu mer um Oli nach keen Tool fir direkt Tounopnahmen, an dat haaptsächlech aus 3 Ursachen: 1. Et gëtt nach keng optimal Solutioun déi op allen Devices an op alle Plattformen optimal funktionnéiert, sou wéi mir eis dat virstellen. Dat kéint sech awer änneren, soubal nei Web-Standards disponibel ginn. 2. Parcontre kann een Tounopnahmen aktuell zimlech einfach um Computer maachen, an dann eroplueden. 3. Sou eng Funktioun gëtt am Moment net vill gefrot, anerersäits ginn et immens vill aner Saachen déi vu ganz ville Schüler an Enseignante gefrot ginn, déi mer elo mol als éischt ëmsetze wëllen, ier mer en Toun-Tool wäerten entwéckelen.
|