S2 EP 05: Enfants à besoins spécifiques zu Viichten – Table ronde zum Thema « Cybergrooming » – CB Claude SCHEUER Sportsunterrecht am Fondamental an am Secondaire

DE
LU

Wéi schonn an der leschter Episoden ugekënnegt, gi mer haut an onsem Reportagendeel op Viichten. Hei kucke mer ons e Projet u fir Kanner à besoins spécifiques ze hëllefen. E Projet, deen awer och all deenen anere Kanner an der Schoul ze gutt kënnt an dee virun allem op d’Präventioun setzt.  

Am Interviewdeel proposéiere mer iech eng Table Ronde zum Thema Cybergrooming, déi am Kader vum Ciné-Débat an der Escher Kulturfabrik den 28. Januar organiséiert gouf. Gewise gouf de Film: Gefangen im Netz.

Am leschten Deel, der Carte Blanche gi mer da sportlech. De Claude Scheuer, Sportsproff a Formateur am Pool des formateurs hei um IFEN mam Sportsunterrecht am Fondamental an am Secondaire.