S1 EP 05: EdFest – Yoga a Klangpädagogik an der Grondschoul – Europawalen

LU

Am éischten Deel kucke mir zréck op d’EdFest, dat de 4. Mee an de Rotonden zu Bouneweg stattfonnt huet. Am Virfeld hate mer d’Geleeënheet ons ukucken ze goe wat fir flott Projeten an Ideeën all Dag an onse Schoulen ëmgesat ginn. Wat ass blended learning am Lycée? Firwat léisst een d’Schüler an d’Schülerinne wärend der Stonn um Vëlo fueren? Wéi kann een an der Beweegung léieren? Wat ass d’Talentfuerderung am Réidener Lycée a wat maachen Hinger a Kanéngercher am Schengener Lycée? Dat alles wäerte mer ons am éischten Deel vum Podcast ukucke goen.

Am zweeten Deel erwaart Iech en Interview mam Isabelle Haas an dem Nathalie Rollin. Si maachen zu Stengefort an zu Käerch Kanneryoga a Klangpädagogik mat de Kanner. Wat bréngt dat de Kanner? Wat fir e Material brauch een dofir a wat fir eng schéi Momenter hu si erlieft? Dat alles erzielen si ons.

An der Carte blanche dréint sech dës Kéier alles ëm d’Europawale vum 9. Juni. D’Marnie Ecker vum ZPB, dem Zentrum fir politesch Bildung huet sech doriwwer e puer Gedanke gemaach.