A8 – Vun der Primärschoul an de Lycée: Coaching als Ënnerstëtzung
7 minutes
Wéi kënne mir d’Schüler beim Iwwergang an de Lycée ënnerstëtzen an hinnen hëllefen, hiert Léieren an déi eegen Hand ze huelen?
D’Ursula Scheiden an de Marc Kill stellen de Coaching-Projet vum LJBM vir, deen d’Schüler dobäi begleet, hir eege Stäerkten ze entdecken, effikass Léierstrategien z’entwéckelen a méi selbststänneg ze ginn. Mat konkrete Beispiller an Erfarungsberichter vun de Schüler weisen si, wéi individuell Begleedung d’Vertrauen an déi eege Fäegkeete stäerke kann.