Spillpedagogik

Dat analoogt Spill gehéiert schonn ëmmer zu eiser pedagogescher Praxis dozou an ass am Unterrecht ob di eng oder aner Manéier present. Mee och dat digitaalt Spill dierf an eiser Praxis net ignoréiert ginn. Scho laang fest an eiser Kultur verankert, si Videospiller e grousse Beräich mat deem Jugendlecher (an och Erwuessener) ausserhalb vun der Schoul hir Zäit verbréngen an dëst oft, wéi allgemeng ugeholl, net eleng mee mat aneren zesummen.Se kënnen eng staark Valeur fir eisen Unterrecht duerstellen a bidden eis eng interaktiv Aart a Weis, a virun allem en anere Zougang, divers Theme mat eise Schüler a Schülerinnen ze behandelen. Entdeckt an dësem Dossier wéi Spill, besonnesch dat digitaalt Spill, vun Enseignanten zu Lëtzebuerg agesat gëtt a wat d’Virdeeler fir eis pedagogesch Praxis sinn. Doriwwer eraus léiert Dir e Modell kennen deen Iech hëlleft dat digitaalt Spill an Är Praxis ze integréieren a kënnt Experten an ExpertInne nolauschteren déi sech scho méi laang mat der Thematik befaassen.
Éditorial
Fir en Asaz vun (digitale) Spiller an eiser pedagogescher Praxis
« Anyone who makes a distinction between games and education clearly does not know the first thing about either one » – Marshall McLuhan
Ganz einfach ausgedréckt: Spillen ASS Léieren, a Léieren ASS Spillen. Déi zwee Begrëffer stinn als Synonym fireneen. Fir déi meescht ënnert Iech gehéiert Spill souwisou schonn zu Ärem pedagogesche Geschirrimm dozou an Dir setzt et reegelméisseg an Äre Klassen an. Natierlech läit hei de Fokus ganz um analoge Spill – de Kaartespiller, Brietspiller an dem einfache kandleche Spill. Wärend dës Zort vu Spill genausou wichteg ass an och an d’Klasse gehéiert, läit de Fokus vun dësem Dossier awer op den digitale Spiller.
Ier mer eis awer elo ukucken, firwat digital Spiller en absolut sënnvollen Alliéierte fir Är pedagogesch Praxis sinn, musse mer e klengen Exkurs maachen an eis ukucken, wéi eis Schüler a Schülerinnen haut liewen a léieren.
Eng nei Generatioun u Lerner
Den typesche Lerner vun haut huet sech staark verännert par rapport zu deem vu fréier. En ass gewinnt, seng Informatiounen ob sengem Smart Device séier ofruffen ze kënnen; e weess, dass en sech am Internet op ville verschiddene Plazen säi Wësse selwer ka siche goen an et ginn esou guer speziell Plazen an Tools déi en notze kann, fir sech mat aneren, déi um selwechten Theema interesséiert sinn, auszetauschen. „Technology is anything that wasn’t around when you were born” (Alan Kay, 2013). Fir den „Digital Native“, ass d’Technologie, déi en zu Verfügung huet also normal – an och e Videospill gehéiert zu dësem Beräich dozou.
„…today’s younger people have, in their intellectual style and preferences, very different minds from their parents and, in fact, all preceding generations” – Marc Prensky
Wärend fréier dach éischter passiv geléiert a konsuméiert gouf, sinn die jonk Leit haut aktiv Participantë vun enger dynamescher Welt ginn an déier si sozial Kontakter mat Mënschen aus der ganzer Welt knüpfen, sech a Communityen, zesumme fannen an aktiv abréngen, sech austauschen, diskutéieren oder sech via Youtube neit Wëssen an/oder Fäegkeete bäibréngen. Et ass eng Welt déi déi reng Haltung vum Konsuméieren ofleent an dozou invitéiert, selwer aktiv ze ginn. Den Daniel Muriel an de Garry Crawford schwätzen hei vun der Participatory Culture. D’Transitioun also vum renge Konsument zum sougenannte „Prosumer” (Toffler, 1980) wou eis Schüler*innen eng aktiv Roll beim Produzéiere vun Inhalter iwwerhuelen (TikTok, asw.). Hei existéiert also eng riseg Parallelwelt nieft der Schoul, an där d’Kanner aktiv um léieren sinn, a wann d’Schoul dëst ignoréiert, verléiert se den Accès zu engem Beräich mat enormen Potential.
D’Virstellung, Videospiller an den Unterrecht ze invitéieren, léist bei deenen enge Leit bestëmmt Freed an Euphorie aus a bei aneren éischter Kapprëselen an Zweiwel. Hoffentlech kënne mir mat dësem Dossier awer och d’Skeptiker dovun iwwerzeegen, d’(digitaalt) Spill wéinstens kuerz bis an d’Klass kucke loossen ze kommen.
Parole aux experts
Dans la pratique
Actualité scientifique
Bibliographies
Bibliographie thématique proposée par le Centre de Documentation pédagogique (CDP) de l’IFEN.
Les documents de cette bibliographie peuvent être empruntés au
Centre de Documentation pédagogique / ( www.a-z.lu ) et/ou sont également disponibles dans l’eLibrary.


